Blog

Barbecue-Invitatioun fir den Nationalfeierdag

D’Jugendpastoral invitéiert Iech op e Barbecue um Virowend vun Nationalfeierdag am Gaart vum Bëschofshaus.Barbecue JMJ2023

De RV ass dëse Mëttwoch, den 22. Juni, vun 18.30 Auer un op 3, avenue Marie-Thérèse, an der Stad. Häerzlech Invitatioun fir dëse freedege Moment virun Nationalfeierdag.

De Museksgrupp « Young souls » animéiert dësen Owend. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt – den Erléis ass fir d’Participatioun vun de Jonken un de Weltjugenddeeg 2023 am Portugal.

Kommt alleguer a verbréngt zesummen en agreabelen Owend!

Klickt hei fir den Detail vum Projet JMJ2023