Blog

Pélé des jeunes 2023

Kuerz nom Optakt vun der Oktav sinn eng 40 Jonker an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg vu Jonglënster an d’Kathedral gepilgert, fir hei un der Jugendmass deel ze huelen.

Verschidde Projeten hunn un dësem Pilgergang, dee vun der Jugendpastoral a vum spirituellen Zenter vum Cents organiséiert gouf, deel geholl: d’Weltjugenddeeg, d’Formatioun vun de künftege Priister, de spirituellen Zentrum vum Cents, d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst, d’Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei – a souguer d’Fondatioun Sainte-Irmine. Dat gutt Wieder huet et de Pilger vun all Alter erlaabt, am Gebiet a mat Gesank déi 25 Kilometer bis an d’Kathedral ze packen, wou si zesummen d’Pélésmass gefeiert hunn.

Fir d’JMJ 2023 ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir de spirituellen Zenter vum Cents ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir d’Formatioun vun de künftege Priister ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir d’Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei ze ënnerstëtzen, klickt hei!

©Monica Rock