Blog

D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien

Bibel op Lëtzebuergesch

Copyright : cathol.lu

D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien kann ee wärend der Oktav fir 32 € am Bicherzelt kafen. Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.

2009 ass den „Evangeliar“ mat deenen Evangelientexter op Lëtzebuergesch erauskomm, déi an der Liturgie vun de Sonndeger an de Feierdeeg virgelies ginn, an an de Joeren 2018 an 2019 koumen noeneen d’Evangelien nom Matthäus, nom Johannes, nom Markus an nom Lukas als eenzel Bicher eraus.

Duerno huet den Aarbechtsgrupp „D’Bibel op Lëtzebuergesch“ [1] déi ganz Texter nach eng Kéier kritesch iwwerlies an se elo zu engem eenzege Buch zesummegestallt, dat och mat enger Rei vun usprochsvolle Fotoen aus dem Hellege Land illustréiert ass.

D’Texter aus dem Neien Testament aus dem griichesche Referenztext sinn an e gutt a richtegt Lëtzebuergesch iwwersat ginn, an dat am Respekt vun deenen neitsten Erkenntnesser vun der Bibelwëssenschaft an der Exegees.

Dëst handlecht Buch [A5] ass geduecht fir doheem am private Gebiet, an der Famill, a Bibelkreeser, vrun allem awer och an der Katechees gebraucht ze ginn. Ëmmer méi Leit – jonker an eelerer – sollen an de biblesche Schrëften en deegleche „Kascht“ fir hiert Liewe fannen!

aus dem Virwuert vum Jean-Claude Kardinol Hollerich,
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

[1] Am Iwwersetzergupp sinn: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger a Jeannot Gillen.
Permalink: https://cathol.lu/article10237
Info

Bibliographesch Angaben

Erzbistum Lëtzebuerg (Hrsg.), D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien, Norderstedt, Books on Demand, 2023, 280 Säiten (ISBN 978-3-7504-9814-3, am Online-Handel: 34,99 €).