Blog

Depart vu Th. Monfils s.j. – Termin dëse Sonndeg

“Léiw Frënn vum Gebietsnetz vum Poopst,

Wéi dir sécher all wësst war den Thierry Monfils, déi lescht Joer a bis Oueschteren 2022, Coordinnateur vum Gebiertsnetz vum Poopst zu Lëtzebuerg:

Den Thierry wäert sech elo fir e Joer der Communauté vun de Jésuite vu Paray-le-Monial u schléissen, weiderhin a sengem Engagement vum Chemin du Coeur, Bildungswee vum Réseau de Prière wou d’Häerz vum Mënsch an Dialog steet mat Häerz Jesus.

Bei dëser Geleeënheet feiert d’Gemeinschaft vu Christ-Roi e Sonndeg den 03.09 ëm 10:30 eng Mass an der Kapelle vu Christ-Roi, 23 avenue Gaston-Diderich, 1420 Lëtzebuerg ( Belair ) mat uschléissendem Patt. (bei schéinem Wierder um Parvis)

Mir sinn all häerzlech invitéiert fir deel ze huelen an him alles Guddes fir seng Missioun ze wënschen.

an Unioun vum Gebied.

Bridderlech

đ.Michele & Isabella Camposeo

Koordinatoren

Yolande Kimmel

Diözesanverwaltung”

Read more

Gléckwënsch vun den Seminaristen

D’Seminaristen, esou wéi den Generalvikar Patrick Muller a d’Rekteur vum Seminar David Rodriguez, déi sech ëm hir Ausbildung këmmeren, iwwerreechen der Fondation hir beschte Wënsch fir hiert 10-järegt Bestoen!

Read more

Gléckwënsch vun der Tëleesmass

De Chanoine Georges Hellinghausen, Responsabel vum Projet Tëleesmass, wënscht der Fondation Sainte-Irmine alles Guddes fir de Gebuertsdag !

Apropos, wosst Dir ? Dëst ass den beléiftsten Projet vun den Donateure dëse Summer !

Klickt hei fir de Video ze kucken:

Read more

Heemrees no de JMJ 2023

Den Depart war a Präsenz vum Kardinol a Form vun enger Pilgerrees mam Bus vu Lëtzebuerg op Lissabon mat Statiounen zu Lourdes – Loyola – Braga – Fatima.

All Participanten hate sech op dëst Evenement gefreet. Et war wierklech en onvergiesslecht Erliefnes fir all Jonker, déi deel gehol hunn.

Merci fir Är Donen!

 

“Zu euch, junge Menschen, die ihr diese Freude – ich wollte gerade sagen, diese Herrlichkeit, nun, es ist so etwas wie eine Herrlichkeit dieses Treffen -, mit uns erlebt habt; euch, die ihr große Träume hegt, die aber manchmal von der Angst getrübt werden, sie nicht verwirklicht zu sehen; zu euch, die ihr manchmal denkt, dass ihr es nicht schaffen werdet, manchmal schleicht sich ein wenig Pessimismus ein; zu euch, junge Menschen, die ihr in diesen Zeiten versucht seid, euch entmutigen zu lassen, euch vielleicht für unzulänglich zu halten oder euren Schmerz zu verbergen, indem ihr ihn mit einem Lächeln überspielt; zu euch, junge Menschen, die ihr die Welt verändern wollt – und es ist in Ordnung, dass ihr die Welt verändern wollt – und für Gerechtigkeit und Frieden kämpft wollt; zu euch, junge Menschen, die ihr euch mit Energie und Phantasie in das Leben einbringt, aber den Eindruck habt, dass dies nicht genügt; zu euch, junge Menschen, welche die Kirche und die Welt so nötig hat wie die Erde den Regen; zu euch, junge Menschen, die ihr die Gegenwart und die Zukunft seid; ja, eben zu euch, liebe junge Menschen, sagt Jesus heut: »Fürchtet euch nicht!«. ”

Poopst Franziskus

 

Read more

D’Scuola Materna war am Parc Merveilleux

D’Enn vum Schouljoer ass no. Am Kader vum leschte Schoulausfluch huet d’Scuola Materna mat de Kanner de Parc Merveilleux besicht. D’Kanner ware begeeschtert vun den Déieren an de Spiller.

Fir d’Scuola Materna ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Karibuni gratuléiert d’Fondatioun

D’Fondatioun Sainte-Irmine feiert hir 10 Joer, a wann d’Agnès Rausch vum Projet Karibuni eis e schéine Gebuertsdag wënscht, da freeë mir eis wierklech driwwer. Merci Agnès a mir wënsche Karibuni eng gutt Zukunft!

 

Read more

Kulinarescht Duerf zu Ëlwen

Den 22. Juni, am Kader vum Nationalfeierdag, huet Ëlwen e kulinarescht Duerf organiséiert, un deem syresch Fraen a Fräiwëlleger vu Reech eng Hand deelgeholl hunn.

Wann Dir dëse Projet ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

Read more

Familljendag fir d’Scuola Materna

Och dëst Joer huet d’Scuola Materna nees e Picknick an der Péitruss organiséiert. D’Kanner, d’Familljen an d’pedagogesch Ekipp haten d’Freed, sech fir dëse Feierdag zesummenzefannen.

Fir d’Scuola Materna ze ënnerstëtzen, klickt hei!

 

Read more

Film vun der UNHCR iwwert d’Aarbecht vu Reech eng Hand

Wann den UNHCR iwwer d’Flüchtlingsfamillje schwätzt, déi vum Projet Reech eng Hand hei zu Lëtzebuerg begleet ginn, geschitt dat mat villen Emotiounen, mat Biller a Wierder iwwer en Alldag, deen sech zanter der Arrivée vun den zwou Familljen erliichtert huet. Entdeckt hei de Reportage, deen hinne gewidmet ass.

“Säit mir heihinner geplënnert sinn, ass all Dag schéin”, seet den Nshtman Khalil. Dëst war méiglech wéinst Iech a wéinst Ären Donen u Reech eng Hand.

Fir Reech eng Hand ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir de Video ze kucken, klickt op d’Bild heidrënner :

Familljen-UNHCR

Read more