Blog

Suivéiert d’Oktav an de Medien

La chaîne de télévision apart TV retransmet quotidiennement le salut pontifical avec prédication depuis la cathédrale en live à 16h, et en retransmission à 18h. Le prédicateur de l’Octave est cette année l’évêque auxiliaire Mgr Leo Wagener. L’Octave jubilaire 2025 est placée sous le thème : Pèlerins d’espérance. Les messes dominicales du 2è et 3è dimanche de l’Octave seront retransmises depuis la cathédrale, à chaque fois à 10h30 sur apart TV, RTL ZWEE et sur www.cathol.lu .

Vous pouvez suivre l’Octave en direct sur https://www.cathol.lu/www/livestream

Si vous souhaitez soutenir la retransmission de l’Octave à la télévision et sur internet, via le projet “Tëleesmass”, cliquez ici.

Read more

Priisterwei an der Oktav

Um Héichfest vun der Tréischterin, e Samschdeg, den 2. Mee, um 9.30 Auer, ginn zwee Diakonen, de Cedric Latz an de Leonardo Pulia, vum Kardinol Jean-Claude Hollerich zu Priister fir eis Äerzdiözees geweit. Dëst ass e Moment vu grousser Freed fir d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg!
Zanter ville Joren ënnerstëtzt d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Ausbildung vun eisen zukünftege Priister. Konkreet gi Sproochecoursen, en Deel vun der theologescher Formatioun a Bildungsreese fir d’Seminariste mat den Done finanzéiert.
Wann och Dir dëse Projet am Kader vun der Priisterwei ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.
Read more

Scheckiwwerreechung fir de Kaddo um Poopst

Bei Geleeënheet vum Besuch vum Poopst Franziskus de 26. September 2024 zu Lëtzebuerg hat d’Fondatioun Sainte-Irmine Sue gesammelt fir de Kaddo fir de Poopst, dee geduecht war fir d’apostolesch Aumônerie (Dicastère fir den Déngscht vun der Baarmhäerzegkeet). Op Demande vum Poopst hi blouf déi gesammelt Zomm zu Lëtzebuerg “fir déi Aarm” a gouf u sozial Wierker am Grand-Duché weidergeleet.

Bei Geleeënheet vun enger Visitt am Siège vun der Associatioun de 15. Abrëll 2026 gouf offiziell e Scheck vun 20.000 Euro un d’Stëmm vun der Strooss iwwerreecht, dëst a Presenz vun der Madamm Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm, an der Ekipp vun der Fondatioun Sainte-Irmine.

Dir kënnt hei den Artikel iwwer d’Verdeele vun de Fonge vum Kaddo vum Poopst noliesen.

De Wonsch vum Poopst gouf heimadder erfëllt. Merci fir Är Donen, a mir hoffen och an Zukunft op Är Generositéit zielen ze kënnen.

Wann Dir méi iwwer d’Aarbecht vun der Stëmm vun der Strooss gewuer wëllt ginn, da klickt hei.

Read more

Informatioun fir d’Donateuren

Fir eis lafend Bankkäschten ze reduzéieren an d’Gestioun vun eise Konten ze optimiséieren, gouf am Verwaltungsrot vun der Fondatioun am Mäerz 2026 decidéiert, zwee Comptes-courants, déi d’Fondatioun bei Banken huet, an den nächste Méint zouzemaachen.

Vun dëser Mesure sinn dës Konte betraff:
CCP LU79 1111 7038 7846 0000
BGL LU81 0030 8856 3963 0000.

Mir giffen Iech heimadder frëndlech bieden, vun elo un ee vun dësen dräi anere Konte vun der Fondatioun Sainte-Irmine ze notzen respektiv Ären Ordre permanent entspriechend ëmzeänneren:

Post Luxembourg
Code BIC: CCPLLULL – IBAN: LU64 1111 7017 0305 0000
Banque et Caisse d’Épargne de l’État (Spuerkeess)
Banque et Caisse d’Épargne de l’État (Spuerkeess)
Code BIC : BCEELULL – IBAN : LU53 0019 4055 0036 1000
Banque internationale à Luxembourg
Code BIC : BILLLULL – IBAN : LU42 0027 5100 4006 0800

Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Äert Versteesdemech a profitéiere vun der Geleeënheet, Iech och en häerzleche Merci fir Är Generositéit, Är Ënnerstëtzung an Är Trei ze soen.

Read more

Lasst uns mit dem Papst beten

Klicken Sie auf das Bild um das Video des Papstes anzuschauen

Herr Jesus,
guter Hirt und Weggefährte,
heute legen wir alle Priester in deine Hände,
besonders jene, die Zeiten der Krise durchleben,
wenn die Einsamkeit schwer wiegt, die Zweifel den Blick verdunkeln
und die Müdigkeit stärker scheint als die Hoffnung.
Du, der du ihre Kämpfe und Wunden kennst,
erneuere in ihnen die Gewissheit deiner bedingungslosen Liebe.
Lass sie spüren, dass sie weder Funktionäre noch einsame Helden sind,
sondern geliebte Söhne, demütige und geschätzte Jünger
und Hirten, getragen vom Gebet deines Volkes.

Gütiger Vater,
lehre uns als Gemeinschaft, für unsere Priester zu sorgen:
sie anzuhören, ohne zu verurteilen,
dankbar zu sein, ohne Perfektion zu erwarten,
mit ihnen die Taufberufung zu teilen,
dein Reich mit Worten und Taten zu verkünden,
und sie mit Nähe und aufrichtigem Gebet zu begleiten.
Lass uns jene stützen, die so oft uns stützen.

Heiliger Geist,
entfache in unseren Priestern die Freude des Evangeliums.
Schenke ihnen gesunde Freundschaften,
Netze geschwisterlicher Unterstützung,
Sinn für Humor, wenn Dinge nicht so gelingen, wie erwartet,
und die Gnade, immer wieder die Schönheit ihrer Berufung neu zu entdecken.
Mögen sie niemals das Vertrauen auf dich verlieren
noch die Freude, deiner Kirche mit einem demütigen und großzügigen Herzen zu dienen.

Amen

Um das weltweite Gebetsnetzwerk des Papstes in Luxemburg zu unterstützen, klicken Sie hier!

Read more

De Joresrapport 2025 ass online

Léif Visiteuren,

D’Ekipp vun der Fondatioun huet de Joresrapport 2025 gemaach, fir datt Dir all wichteg Informatiounen zur Stëftung an hiren Aktivitéiten a Projeten fannt, déi mat der Hëllef vun Ären Done konnte finanzéiert ginn.

Mir soen Iech e grousse Merci fir Är lescht Donen an hoffen, och 2026 op Ären Appui zielen ze kënnen!

Read more

E Kaddo vum Poopst

Wëll de Poopst Franziskus wärend der Begéinung an der Kathedral spontan säi Wonsch zum Ausdrock bruecht hat, datt d’Sue vu sengem “Kaddo” zu Lëtzebuerg bleiwe sollten an hei genotzt géifen zu Gonschte vu benodeelegte Leit a vun de Flüchtlingen, gouf aus dem “Kaddo fir de Poopst” mat Ärer Hëllef e “Kaddo vum Poopst”!

Nodeems Ufank 2025 eng éischt Tranche vun 100.000 Euro u fënnef Associatioune gaange war, ass elo de Rescht vun der Aktioun un dës sozial Wierker iwwerwise ginn:

Stëmm vun der Strooss asbl: 20.000.- Euro fir hir Aarbecht zu Gonschte vun den Obdachlosen;

Vie Naissante asbl: 20.000.- Euro fir schwanger Fraen a jonk Mammen an Nout materiell ze ënnerstëtzen;

Jesuit Refugee Service Lëtzebuerg asbl: 15.000.- Euro fir hir Flüchtlingsaarbecht;

Premier secours de l’Ordre de Malte Luxembourg asbl: 15.000.- Euro fir hir Aarbecht zu Gonschte vu Leit um Bord vun der Gesellschaft;

Projet “Diakonie” am Dekanat Süden-West: 13.922,40.- Euro fir den diakoneschen Engagement am Dekanat.

Am November 2025 hat d’Fondatioun doriwwer eraus mat den Done vum Kaddo vum Poopst d’Pilgerrees “Fratello” op Roum fir 40 Leit a prekäre Liewenssituatioune mat hire Begleeder finanzéiert.

Villmools Merci allen Donatricen an Donateuren, déi op dësem Wee dozou bäigedroen hunn, Mënschen a schwierege Liewenssituatiounen ze hëllefen a si esou ze stäerken!

Read more

Saxum Lëtzebuerg weider ganz aktiv

SaxumAm Laf vum zweete Semester 2025 goufen dës Aktivitéiten am Kader vum Bildungsprojet “Saxum Lëtzebuerg” organiséiert:

12 Recollectio an der Krypta vun der Kathedral, um Lampertsbierg an zu Obeler,

31 Reunioune vun dogmatescher Formatioun um Lampertsbierg an an der Krypta vun der Kathedral,

5 Studiesëtzungen iwwer de Katechismus vun der kathoulescher Kierch um Lampertsbierg,

5 Liesung vun engem spirituelle Buch op Englesch um Kierchbierg,

13 Reunioune mat dogmatescher Formatioun,

2 Konferenze mat Mëttegiessen an der Stad (iwwer de Projet vun der Renovatioun vun der Basilika Saint-Clément zum Roum an iwwer Reliounsfräiheet an Europa).

1 Seminaire vun engem halwen Dag am Centre Jean XXIII iwwer d’Fro vun der Biergerschaft (citoyenneté).

 

Wärend dem zweete Semestre 2025 konnt de Projet mat Donen an Héicht vu 4.591,75.- Euro ënnerstëtzt ginn; d’Käschten, déi direkt mat de Formatiounsaktivitéiten zesummenhänken, belafe sech fir déi selwecht Period op 5.618.- Euro.

Mir soen Iech e grousse Merci fir Ären Don!

Fir de Projet Saxum Lëtzebzerg ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

25.000 Euro fir dräi Projeten

De Verwaltungsrot huet en Deel vun de fräien Donen aus dem Joer 2025 u verschidde Projete verdeelt

A senger Sëtzung vum 13. Mäerz 2026 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine decidéiert, e Gesamtmontant vu 25.000 Euro, deen aus Donen ouni spezifesch Mentioun besteet, déi wärend dem Joer 2025 gemaach goufen, un dës Projeten ze verdeelen:

– Projet Kambodscha/Vietnam 2026” (Pilgerrees vun der Jugendpastoral): 10.000.- Euro;

Fonds d’avenir vun der Äerzdiözees: 7.500.- Euro;

– Projet “Formatioun vun den zukünftege Priister”: 7.500.- Euro.

Ufank Dezember 2025 hat de Verwaltungsrot schonn decidéiert, déi nei Gemeinschaft Obra de Maria mat 40.000.- Euro un Dons libres vum Exercice 2025 ze ënnerstëtzen.

D’Fondatioun seet allen Donatricen an Donateure villmools Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung!

Read more

E Wandteppech gëtt restauréiert

Am Kader vum Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” huet d’Kierchefabrick vun Notre-Dame decidéiert, eng weider Tapisserie ze restauréieren. De Wandteppech mam Titel “La révélation de Dieu à Gédéon”, deen op der lénker Säit am ale Chouer hänkt, gëtt vun der Manufacture royale De Wit vu Mechelen, déi och schonn zwee aner Wandteppecher vun der Kathedral a Stand gesat hat, restauréiert. De Käschtepunkt beleeft sech op 18.356 Euro.

Ënnerstëtzt och Dir de Projet vun der Valorisatioun vun der Kathedral mat Ärem Don. Merci fir all Geste!

Fir de Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more