Blog

Scheckiwwerreechung fir de Kaddo um Poopst

Bei Geleeënheet vum Besuch vum Poopst Franziskus de 26. September 2024 zu Lëtzebuerg hat d’Fondatioun Sainte-Irmine Sue gesammelt fir de Kaddo fir de Poopst, dee geduecht war fir d’apostolesch Aumônerie (Dicastère fir den Déngscht vun der Baarmhäerzegkeet). Op Demande vum Poopst hi blouf déi gesammelt Zomm zu Lëtzebuerg “fir déi Aarm” a gouf u sozial Wierker am Grand-Duché weidergeleet.

Bei Geleeënheet vun enger Visitt am Siège vun der Associatioun de 15. Abrëll 2026 gouf offiziell e Scheck vun 20.000 Euro un d’Stëmm vun der Strooss iwwerreecht, dëst a Presenz vun der Madamm Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm, an der Ekipp vun der Fondatioun Sainte-Irmine.

Dir kënnt hei den Artikel iwwer d’Verdeele vun de Fonge vum Kaddo vum Poopst noliesen.

De Wonsch vum Poopst gouf heimadder erfëllt. Merci fir Är Donen, a mir hoffen och an Zukunft op Är Generositéit zielen ze kënnen.

Wann Dir méi iwwer d’Aarbecht vun der Stëmm vun der Strooss gewuer wëllt ginn, da klickt hei.