Blog

Depart vu Th. Monfils s.j. – Termin dëse Sonndeg

“Léiw Frënn vum Gebietsnetz vum Poopst,

Wéi dir sécher all wësst war den Thierry Monfils, déi lescht Joer a bis Oueschteren 2022, Coordinnateur vum Gebiertsnetz vum Poopst zu Lëtzebuerg:

Den Thierry wäert sech elo fir e Joer der Communauté vun de Jésuite vu Paray-le-Monial u schléissen, weiderhin a sengem Engagement vum Chemin du Coeur, Bildungswee vum Réseau de Prière wou d’Häerz vum Mënsch an Dialog steet mat Häerz Jesus.

Bei dëser Geleeënheet feiert d’Gemeinschaft vu Christ-Roi e Sonndeg den 03.09 ëm 10:30 eng Mass an der Kapelle vu Christ-Roi, 23 avenue Gaston-Diderich, 1420 Lëtzebuerg ( Belair ) mat uschléissendem Patt. (bei schéinem Wierder um Parvis)

Mir sinn all häerzlech invitéiert fir deel ze huelen an him alles Guddes fir seng Missioun ze wënschen.

an Unioun vum Gebied.

Bridderlech

đ.Michele & Isabella Camposeo

Koordinatoren

Yolande Kimmel

Diözesanverwaltung”