Blog

Tëleesmass fir 10 Joer Fondatioun

Am Kader vun hirem 10. Anniversaire iwwerhëllt d’Fondatioun Sainte-Irmine zesumme mat verschiddene Projetspartner d’Organisatioun vun der Tëleesmass e Sonndeg, den 19. Mäerz 2023, um 9 Auer. Dës Danksagungsmass gëtt gehale vum Weibëschof Mgr. Leo Wagener, Exekutivpresident vun der Stëftung, fir all lieweg a verstuerwen Donateure vun der Fondatioun. D’Mass gëtt iwwerdroen aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval. Mir invitéieren Iech elo schonn, d’Mass via d’Medie mat eis ze feieren.

Den detailléierte Programm vun der Tëleesmass publizéiere mir op dëser Plaz Ufank Mäerz.

Wann Dir de wichtege pastorale Projet vun der Tëleesmass ënnerstëtze wëllt, da klickt hei!

Kapell-Verbum Spei