An der Suite vun dräi Reesen (2014, 2017, 2019) vun engem Grupp Jonker a Begleeder vu Lëtzebuerg an Thailand an no der Invitatioun vu jonke Karen, fir un de Weltjugenddeeg zu Krakau an zu Lissabon deelzehuelen, huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg d’Initiativ nees opgeholl, fir no der Ënnerbriechung duerch d’Covid-Pandemie erëm an Thailand ze reesen. Dofir mécht sech am August 2025 nees e Grupp vun 30 Jonker a Begleeder op Pilgerrees a Richtung Thailand.
Op der éischter Etapp hu sech déi Jonk hir Alterskolleege vum “Xavier Learning Center” zu Chiang Rai am Norde vun Thailand erëm getraff. Wärend e puer Deeg huet en interkulturellen Austausch mat de Studente vum “Xavier Learning Center”, virun allem Karen, stattfont. Wärend de leschte Reesen haten déi Jonk un engem Bauprojet vun deem Zentrum deel geholl. D’Karen sinn eng thibetesch-birmanesch Ethnie vu 4 bis 5 Millioune Leit, vun deenen ongeféier 10 Prozent an Thailand an 90 Prozent am Myanmar liewen. D’Karen, am Norde vun Thailand an der Provënz Tak ugesidelt, wunnen an Dierfer an de Bierger. E groussen Deel vun den Karen an Thailand (140.000) lieft allerdéngs a Flüchtlingscampen laangscht d’Grenz mam Myanmar.
Déi Jonk maachen hei d’Erfarung vun engem Liewen an engem vill méi einfachen an aarmen Ëmfeld wéi zu Lëtzebuerg. Si begéine ganz einfach Fraen a Männer, déi e liewege Glawen hunn, a si ginn esou invitéiert a Relatioun mat Gott ze trieden.
Déi Jonk:
- entdecken eng nei Kultur, déi verschidden a ganz villfälteg ass;
- deelen den Alldag an de Glawe vun de Karen, déi verschidde Konfessiounen hunn;
- erliewen en intensiven Austausch mat de jonke Karen am Kader vun engem interkulturellen Austauschprogramm;
- kënnen eng Relecture vum perséinleche Liewe maache mat Bléck op déi erlieften Erfarungen.
Aner Etappe vun der Rees sinn d’Visitt vu Chiang Mai mat sengem räiche kulturelle Patrimoine a vun Ayutthaya, déi al Haaptstad vum Räich Siam.










