No der Oktavmass fir d’Vie Naissante den 29. Abrëll huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun der Fondatioun Sainte-Irmine, dem Comité vun der Vie Naissante an der Kathedral symbolesch e Scheck vun 20.000 Euro iwwerreecht. Dëse Montant ass Deel vun de Suen, déi am September 2024 am Kader vum “Kaddo fir de Poopst“ gesammelt gi waren.
Am Numm vun der Vie Naissante huet d’Madamm Marie-Josée Frank, Vizepresidentin vun der Associatioun, dem Kardinol an der Stëftung villmools Merci fir dës formidabel Ënnerstëtzung gesot. Dëse Montant gëtt agesat, fir jonke Mammen an Nout an hire Kanner materiell ze hëllefen. De Kardinol Hollerich huet sengersäits d’Wichtegkeet vun der Vie Naissante a vum Asaz fir dat ongebuerent Liewen ënnerstrach.
Villmools Merci allen Donatricen an Donateuren, déi am Kader vun der Visitt vum Poopst François en Don gemaach haten.
Nieft der Vie Naissante si mat de Sue vum “Kaddo fir de Poopst” och aner Associatiounen ënnerstëtzt ginn: https://irmine.lu/lu/e-kaddo-vum-poopst/
Wann Dir méi iwwer d’Aarbecht vun der Vie Naissante gewuer wëllt ginn: https://www.vienaissante.lu/de/

