Blog

Déi nei Kapell Saint Jean-Paul II um Belval gouf konsekréiert

E Samschdeg, de 26. November 2022, huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich d’Kapell an den Altor vun der neier Kapell Saint Jean-Paul II um Belval konsekréiert an de Foyer Saint Jean-Paul II ageweit. An e puer Woche wäert d’Gemeinschaft vun de Bridder vu Verbum Spei hei anzéien a vun hei aus hir Studentepastoral animéieren. Dëse Foyer ass nëmmen e puer Meter vum Uniscampus ewech.

E kuerze Video zum Foyer an zur Kapell fannt Dir hei

Informatiounen zur Konsekratioun an eng aktuell Billergalerie fannt Dir hei

D’Fondatioun Sainte-Irmine ënnerstëtzt zwee Projete vun der Fraternité Verbum Spei:

– de Projet vun der Formatioun vun de Bridder

– de Projet Thumos fir Jonker, déi um Site vum Belval eng missionaresch Erfarung maache wëllen

Merci am Viraus fir Är Generositéit!

© cathol.lu