Blog

Barbecue-Invitatioun zu Gonschten vun der JMJ

Den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich invitéiert Iech op eng Grillparty op Nationalfeierdag am Gaart vum Bëschofshaus.

Also kommt laanscht a verpasst net déi wonnerschéi Vue op d’Freedefeier.

Dir sidd alleguer wellkomm !

Kommt mat Ärer Famill, mat Äre Frënn a wann Dir e Grupp vu jonke Leit aus enger Por hutt, zéckt net wann dir eng Fro hutt fir d’carolina.medrano@cathol.lu ze kontaktéieren.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Barbecue JMJ 2023

Read more

Scheck-Iwwerreechung fir Reech eng Hand

De Méindeg 19. Juni huet d’ACFL vum Fetschenhaff-Cents , mat der Chorale Sainte-Cécile, der Musek, der Jugendharmonie, dem Kannerchouer, der Amicale vun de Guide a Scouten e Scheck iwwer 10.000.-€ u Reech eng Hand iwwerreecht.

Fir de Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Schéck-Iwwerreechung Reech eng Hand

Read more

Härläichendag um Cents

Op Härläichendag huet de spirituellen Zenter um Cents no der Mass, eng Pressessioun an de Stroossen um Cents gemaach. De Joresofschloss ass am Gaart gefeiert ginn mat Spiller an engem Barbecue.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Fest vu Christus de Kinnek

Kommt op d’Fest vu Christus de Kinnek e Sonndeg, den 18. Juni, vun 11.30 bis 15.30 Auer am Gaart vun der Maison Iñigo!

Fir de Projet Maison Iñigo ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Fokus op Karibuni

De Projet Karibuni proposéiert Aktivitéite fir jonk Flüchtlingen, fir datt hir Integratioun méi einfach ass: Sproochecoursen, Sportsaktivitéiten, Ausflich, Hëllef beim Schreiwe vun engem CV oder bei der Sich no engem Stage.

Mat dësem Video kënnt Dir de Projet Karibuni a seng Aktivitéite kenne léieren oder nei entdecken!

Fir de Video ze kucken, klickt op d’Bild heidrënner :

Karibuni

Fir de Projet Karibuni ze ënnerstëztzen, klickt hei !

Read more

D’Gebietsuleies vum Poopst fir de Juni

D'Gebietsuleies vum Poopst - Fir d'Ofschafe vun der FolterD’Gebietsuleies vum Poopst – Biede mir, datt déi international Gemeinschaft sech konkreet asetzt fir d’Ofschafe vun der Folter a fir d’Ënnerstëtzung vun den Affer an hire Familljen. Fir de Video vum Poopst ze kucken, klickt hei !

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien

Bibel op Lëtzebuergesch

Copyright : cathol.lu

D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien kann ee wärend der Oktav fir 32 € am Bicherzelt kafen. Den Erléis ass fir d’Fondatioun Sainte-Irmine.

2009 ass den „Evangeliar“ mat deenen Evangelientexter op Lëtzebuergesch erauskomm, déi an der Liturgie vun de Sonndeger an de Feierdeeg virgelies ginn, an an de Joeren 2018 an 2019 koumen noeneen d’Evangelien nom Matthäus, nom Johannes, nom Markus an nom Lukas als eenzel Bicher eraus.

Duerno huet den Aarbechtsgrupp „D’Bibel op Lëtzebuergesch“ [1] déi ganz Texter nach eng Kéier kritesch iwwerlies an se elo zu engem eenzege Buch zesummegestallt, dat och mat enger Rei vun usprochsvolle Fotoen aus dem Hellege Land illustréiert ass.

D’Texter aus dem Neien Testament aus dem griichesche Referenztext sinn an e gutt a richtegt Lëtzebuergesch iwwersat ginn, an dat am Respekt vun deenen neitsten Erkenntnesser vun der Bibelwëssenschaft an der Exegees.

Dëst handlecht Buch [A5] ass geduecht fir doheem am private Gebiet, an der Famill, a Bibelkreeser, vrun allem awer och an der Katechees gebraucht ze ginn. Ëmmer méi Leit – jonker an eelerer – sollen an de biblesche Schrëften en deegleche „Kascht“ fir hiert Liewe fannen!

aus dem Virwuert vum Jean-Claude Kardinol Hollerich,
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

[1] Am Iwwersetzergupp sinn: Claude Bache, Fränz Biver-Pettinger a Jeannot Gillen.
Permalink: https://cathol.lu/article10237
Info

Bibliographesch Angaben

Erzbistum Lëtzebuerg (Hrsg.), D’Bibel op Lëtzebuergesch. Déi véier Evangelien, Norderstedt, Books on Demand, 2023, 280 Säiten (ISBN 978-3-7504-9814-3, am Online-Handel: 34,99 €).

Read more

Diakonewei de 6. Mee

Am Kader vun der Oktav weit de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, e Samschdeg, de 6. Mee, an der Kathedral vu Lëtzebuerg de Jakob Zeilinger, Seminarist um diözesane missionaresche Seminaire Redemptoris Mater, zum Diakon.

D’Stëftung Sainte-Irmine invitéiert Iech, fir de Jakob ze bieden, andeems datt Dir Iech den Dag viru senger Diakonewei fir d’Nuecht vun der Veréierung aschreift, oder hien einfach an Är Gebieder aschléisst.

Merci fir Är Ënnerstëtzung!

Wann Dir d’Formatioun vun zukünftege Priister zu Lëtzebuerg ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

Klickt op d’Bild, fir de Video op Youtube ze kucken!

Jakob-Zeilinger
Video: SCP / DM
Read more

Pélé des Jeunes

An der Nuecht vum 29. op den 30. Abrëll fënnt de Pélé des Jeunes statt: Kommt a gitt mat zu Fouss vu Jonglënster bis an d’Kathedral fir den Ufank vun der Oktav ze féieren!

Klickt op d’Bild, fir de Video op Youtube ze kucken!

pélé des jeunes
Read more

D’Friddenstrommler vun der Scuola Materna

De leschten 21. Mäerz huet d’Scuola Materna Cattolica Internazionale un de Friddenstrommler deel geholl: entdéckt dëse schéine Projet an d’Bedeelegung vun de Kanner.

Fir d’Scuola Materna ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Klickt op d’Bild, fir de Video op Youtube ze kucken!

Read more