Blog

De Summer bei Karibuni

De Summer huet ugefaange mat der Summerakademie, un där 21 Mannerjäreg, déi nei op Lëtzebuerg komm waren, deelgeholl hunn. D’Deeg war an zwee gedeelt: moies Eenheeten, nom Mëttegiesse bei de Franziskanerinnen kulturell oder sportlech Aktivitéiten am Nomëtteg. Den Zesummenhalt am Grupp war gudd an d’Loscht eppes ze léieren esou grouss, datt zwou Virbereedungswoche virun der Schoulrentrée fir 15 motivéiert Jonker organiséiert goufen.

Zwee wichtege Moment: Eng Aktivwoch zu Ohn fir 11 Jonker. An engem Scoutschalet ënnerbruecht hat de Grupp eng grouss Autonomie an huet Ekippe gemaach fir de Kichendéngscht. Och ouni Internet an am Reen hunn déi Jonk eng erhuelsam Woch a gudder Stëmmung verbruecht.

Drëtte wichtege Moment dëse Summer, a sécher deen intensiivsten: eng Woch op der Musel. Dës Kéier war de Grupp méi grouss (30 net begleete Mannerjäreg); 14 Fräiwëlleger waren op der Plaz, fir d’Iessen virzebereeden an ze servéieren. Déi Jonk hunn d’Sportaarten am Grupp an déi organiséiert Aktivitéite wierklech geschat an den Ekippen bei all Iesse villmools Merci gesot.

E ganz grousse Merci allen Donateuren. Nëmmen duerch Är Ënnerstëtzung waren dës Aktivitéite méiglech!

Fir Karibuni ze ënnerstëtzen, klickt hei !