Blog

D’Friddenstrommler

Scuola Materna

De leschten 21. Mäerz huet d’Scuola Materna Cattolica Internazionale mat hirem Gesang an hirer Percussioun um Event vun de Friddenstrommler deel geholl.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

De Joresrapport 2023 ass online

Léif Visiteuren,

D’Ekipp vun der Fondatioun huet de Joresrapport 2023 gemaach, fir datt Dir all wichteg Informatiounen zur Stëftung an hiren Aktivitéiten a Projeten fannt, déi mat der Hëllef vun Ären Done konnte finanzéiert ginn.

Mir soen Iech e grousse Merci fir Är lescht Donen an hoffen, och 2024 op Ären Appui zielen ze kënnen!

JMJ 2023
Read more

D’Aarbecht vum JRS um Terrain

Wéi Karibuni versicht och de Programm Motirõ jonk Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen, an deems datt hir Integratioun gestäerkt gëtt a si begleet gi bei den Erausfuederungen, déi sech hinne stellen.

Entdeckt déi onermiddlech Aarbecht vum “Jesuit Refugee Service” an dësem Youtube-Video a klickt op d’Foto hei drënner!

Karibuni
Wann Dir de Projet Karibuni ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

Read more

Gebietsintentioun fir de Mount Mäerz

D’Chrëschtentum ass déi Relioun op der Welt, déi am meeschte verfollegt gëtt. De Poopst preziséiert, datt et haut méi verfollegt Katholike gëtt wéi am Ufank vum Chrëschtentum.

Biede mir mam weltwäite Gebietsnetz vum Poopst fir déi, déi a verschidden Deeler vun der Welt hiert Liewe fir d’Evangelium riskéieren an déi mat hirem Mutt an hirem missionareschen Äifer d’Kierch beräicheren. Si mir op fir d’Gnod vum Martyrium.

Fir de Video ze kucken, klickt hei!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

D’Glacis-Kapell op der Tëlee

Den 23. Februar 2024 huet RTL Tëlee e Reportage iwwer d’Renovatiounsaarbechten an der Glacis-Kapell gewisen, déi Enn 2023 ugefaangen hunn.

Am Kader vun dësen Aarbechte ginn al Wandmolereie fräigeluecht an d’Kapell gëtt nei ugestrach. Parallel gëtt och d’Beliichtung erneiert.

Kuckt hei de Reportage am Replay

Wann Dir méi iwwer dëse Projet wësse wëllt, da klickt hei.

Villmools Merci all deenen, déi de Projet schonn ënnerstëtzt hunn!

Wann och Dir en Don maache wëllt fir d’Erhale vun dësen aussergewéinleche Patrimoine, da klickt hei.

Read more

Reech eng Hand brauch Iech!

Eng Famill am Pakistan krut Morddroungen, well si kathoulesch ass an zu hirem Glawe steet. Well hiert Liewen dohannen a Gefor war, huet si ganz séier misse fort. D’Famill setzt sech aus dem Papp, der Mamm an hirem Bouf vun 11 Joer zesummen.

Et ass eisem Här Äerzbëschof an der Ekipp vu Reech eng Hand en Uleies, dëser Famill, déi wéinst hirem Glawen huet misse vun doheem fort, eng Méiglechkeet ze ginn, zu Lëtzebuerg en neien Ufank ze maachen. D’Famill schwätzt fléissend Englesch a léiert elo Franséisch. De Bouf geet an eng Classe d’accueil. An der engleschsproocheger Gemeinschaft an der Stad huet d’Famill, déi vu Benevolen a vu Reech eng Hand encadréiert gëtt, en Doheem fir hire Glawe fonnt.

Enn Dezember 2023 huet d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg d’Prise en Charge vun dëser pakistanescher kathoulescher Famill iwwerholl.

Fir déi zwee Joer, déi d’Prise en charge dauert, brauche mir ronn 80.000.- Euro. Mir wëllen ëm Är Ënnerstëtzung froen. Et ass eng Prise en Charge, déi eis um Häerz läit, well mir domadder och eis konkreet Solidaritéit mat Chrëschten ausdrécken, déi wéinst hirem Glawe verfollegt ginn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech gären un d’Madamm Marie-Christine Ries (Mail: marie-christine.ries@cathol.lu / Tel.: 462023-48 oder 621-161837) wenden.

Am Viraus e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung.

Payconis Reech
Read more

D’Sonndesmass op apartTV

Vum 7. Januar 2024 un an nodeems den Tëleessender .dok opgehalen huet, kënnt Dir d’Sonndesmass um 9 Auer suivéieren op apartTV (Post TV, nr. 82 / Eltrona, nr. 95 ou 75).

Wéi bis elo gëtt d’Tëleesmass nach eng Kéier um 11 Auer op RTL ZWEE iwwerdroen.

Read more

Bibelen am Prisong

Dank Ären Done konnten am Kader vum Projet vun der Prisongsaumônerie Bibelen a Kalenner bestallt an un d’Prisonnéier ausgedeelt ginn!

“Denn ich war hungrig und ihr habt mir zu essen gegeben; ich war durstig und ihr habt mir zu trinken gegeben ; ich war fremd und ihr habt mich aufgenommen; ich war nackt und ihr habt mir Kleidung gegeben ; ich war krank und ihr habt mich besucht; ich war im Gefängnis und ihr seid zu mir gekommen.” (Mt 25,35-36)

E grousse Merci fir Är Generositéit!

Wann Dir d’Prisongspastoral ënnerstëtzen an de Kaf vu Bibele fir d’Prisonnéier matfinanzéiere wëllt, da klickt hei!

Read more

Gebietsintentioun fir den Dezember

Mir bieden duerfir, datt d’Mënschen, déi eng Behënnerung hunn, déi néideg Opmierksamkeet vun der Gesellschaft kréien an datt d’Institutionen Inklusiounsprogrammer fërderen, fir datt si aktiv deelhuele kënnen.

Fir de Video op Youtube ze kucken, klickt op d’Foto heidrënner:

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Fonds d’avenir: Zesumme fir d’Kierch vu muer

Fonds d'avenir

Vun Ufank 2024 hunn iwwerhëlt d’Fondatioun Sainte-Irmine via de Fonds d’avenir éischt Paie vu jonke Priister a Laien, déi zanter der Trennung vu Kierch a Staat 2016 vum Bistum agestallt goufe fir d’pastoral Besoine vun der Äerzdiözees.

Dat war d’Geleeënheet, en eegene Logo fir de Fonds d’avenir ze entwéckelen. De Logo gëtt et op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

D’Fondatioun brauch och an der Zukunft Är Donen!

Fir d’materiell Ofsécherung vun den Ugestallte vun der Kierch, Priister a Laien, ze assuréieren, klickt hei!

Read more