Blog

Video vum Haus Inigo

D’Haus Inigo ass e besonnesche spirituellen Uert matten an der Stad fir Kraaft ze fannen, am Glawen ze wuessen, sech ze engagéieren a sech fir eis gemeinsam Äert anzesetzen.

Fir de Video ze kucken, klickt op d’Bild heidrënner :

Read more

D’Scuola am Haus vun der Natur

Am Haus vun der Natur op der Kockelscheier gouf Viz gemaach: Nodeems d’Kanner duerch de Bësch spadséiert waren, hu si Viz preparéiert: si hunn d’Äppel gewäsch a geschielt a se dono mat enger Maschinn gepresst. Natierlech gouf dono de leckere frëschen Äppeljus geschmaacht.

Fir d’Scuola Materna ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Colloque: “Gott a/as Radikalisatioun?!”

Wat ass d’Bedeitung vun de Facteuren, déi un d’Relioun an d’Religiositéit gebonne sinn, am Prozess vun der Radikaliséierung? LSRS

An Zesummenaarbecht mat respect.lu – Centre contre la radicalisation an dem IFEN – Institut de formation de l’Education nationale invitéiert Iech d’LSRS op de Jorescolloque vu respect.lu, deen iwwerschriwwen ass “Dieu e(s)t radicalisation?!” (Gott a/ass Radikaliséierung) an deen den 8. an 9. November 2023 um IFEN-Belval stattfënnt.

Den éischten Dag ass geduecht, fir eng philosophesch an historesch Analys vun de Phänomene vum Glawen a vun der Relioun ze maachen. An engem Ronndëschgespréich mat Vertrieder vu verschiddene Reliounsgemeinschaften an Experten an de Beräicher vum Humanismus, vun der Preventioun vun der Radikaliséierung a vun der Theologie wäerten déi positiv an déi negativ Aspekter vun de Relioune beliicht ginn. D’Haapttheeme vum 2. Dag: Religiositéit an nei Technologien, Glawen a Radikalismus, eng psychodynamesch Approche vun der Fro “Virwat gleewe mir?”

Wärend den zwee Deeg kënnt Dir Iech a 4 parallel Ateliere mat dësen Theemen aschreiwen:

• U wie gleefs du? Wéi vum Glawen an engem formellen an an engem onformelle Kader schwätzen?
• Radikale Glawen ≠ Glawen an dat Radikaalt
• D’Sekteen: vu wéini u gi se geféierlech?
• Digital reliéis Radikaliséierung: de Glawen am ëffentlechen digitalen an analoge Raum

Fir méi gewuer ze ginn, klickt hei.

FIr d’LSRS ze ënnerstëtzen, klickt hei !

Read more

D’Gebietsintentioun fir November

Elo am November invitéiert de Poopst eis ,vir fir hien ze bieden!

Biede mir fir de Poopst, fir datt hien am Exercice vu senger Missioun och weiderhin dat Vollék, dat him uvertraut ass, mat der Hëllef vum Hellege Geescht am Glawe begleet.

Dir fannt de Video ënnert dësem Link.

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei !

Read more

Concert vum bolivianesche Grupp “Moxos” zu Lëtzebuerg

D’Communautéit vu Christ-Roi ënnerhält frëndlech Relatioune mat San Ignacio de Moxos a senger Museksschoul a Bolivien.

De Moxos Ensembel spillt de Freideg, 13. Oktober, e Concert-Spectacle “Majara’iwa Resplandor” an der Mëchelskierch zu Lëtzebuerg.

Fir Är Plazen ze reservéieren, klickt hei, oder scannt dëse QR Code:

Read more

Gespréichsronn op der LSRS

En nächsten Donneschdeg, 12. Oktober, organiséiert d’LSRS eng Table Ronde, déi international akademesch Experten a Vertrieder vun de verschiddene Reliounen zu Lëtzebuerg zesummebréngt.

Verpasst net dësen Debat, déi versprécht ganz interessant ze ginn.

Fir Iech unzemellen, klickt hei, oder scannt dëse QR Code:

Read more

De Summer bei Karibuni

De Summer huet ugefaange mat der Summerakademie, un där 21 Mannerjäreg, déi nei op Lëtzebuerg komm waren, deelgeholl hunn. D’Deeg war an zwee gedeelt: moies Eenheeten, nom Mëttegiesse bei de Franziskanerinnen kulturell oder sportlech Aktivitéiten am Nomëtteg. Den Zesummenhalt am Grupp war gudd an d’Loscht eppes ze léieren esou grouss, datt zwou Virbereedungswoche virun der Schoulrentrée fir 15 motivéiert Jonker organiséiert goufen.

Zwee wichtege Moment: Eng Aktivwoch zu Ohn fir 11 Jonker. An engem Scoutschalet ënnerbruecht hat de Grupp eng grouss Autonomie an huet Ekippe gemaach fir de Kichendéngscht. Och ouni Internet an am Reen hunn déi Jonk eng erhuelsam Woch a gudder Stëmmung verbruecht.

Drëtte wichtege Moment dëse Summer, a sécher deen intensiivsten: eng Woch op der Musel. Dës Kéier war de Grupp méi grouss (30 net begleete Mannerjäreg); 14 Fräiwëlleger waren op der Plaz, fir d’Iessen virzebereeden an ze servéieren. Déi Jonk hunn d’Sportaarten am Grupp an déi organiséiert Aktivitéite wierklech geschat an den Ekippen bei all Iesse villmools Merci gesot.

E ganz grousse Merci allen Donateuren. Nëmmen duerch Är Ënnerstëtzung waren dës Aktivitéite méiglech!

Fir Karibuni ze ënnerstëtzen, klickt hei !

Read more

D’Seminariste bei der JMJ

JMJ 2023

@SCP

Dank Äre Spende konnte Seminariste vu Lëtzebuerg bei de Weltjugenddeeg matmaachen: d’Fondatioun huet 4.800 € fir hir Rees bezuelt!

Zäit an der Gemeinschaft, Gebiet, perséinlech Iwwerleeung, spirituel Erfarung: tëscht Lëtzebuerg, Lourdes, Braga, Fatimà a Lissabon gouf et eng Partie besonnesch Momenter.

Fir d’Formatioun vun de künftege Priister ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Gléckwënsch vum Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst

Fir hiert 10-järegt Bestoen schéckt de Weltwäit Gebietsnetz vum Poopst seng Gléckwënsch un d’Fondation Sainte Irmine

Read more

Gemeinsaamt Mëttegiessen am Haus Iñigo

Dëse Sonndeg, 24. September, invitéiert d’Gemeinschaft vum Christ Roi no der Mass vun 10.30 Auer op e Patt, e Mëttegiessen an och op eng Virstellung vun engem Kuerzfilm am Haus Iñigo!

Kommt alleguer!

Fir d’Haus Iñigo ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more