Blog

Tapisserië restauréiert

Am Kader vum grousse Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” ass am Laf vum Joer 2023 als éischt de Projet “Restauratioun vun den zwou Tapisserië vum Hl. Ignatius a vum Hl. Franz Xaver” an d’Liewe geruff ginn. Dës Tapisserië goufe 1633 op Commande vum Eustache de Wiltheim gewieft. Duerch d’Generositéit vu villen Donateuren konnt de Projet schon 2024 realiséiert ginn. Nodeems d’Manufacture royale de tapisseries De Wit (B-Mechelen) d’Restauratioun finaliséiert hat, konnten déi 2 Tapisserien op enger neier Plaz, lenks a riets vum Chouer, opgehaange ginn. Wann Dir an der Kathedral sidd, da verpasst net, Iech déi zwee Wierker, déi nees a méi kräftege Faarwe liichten, unzekucken.
Als nächste Projet an der Kathedral ass d’Restauratioun vum alen Eisegitter an der Krypta geplangt.
Wann och Dir hëllefe wëllt, de Patrimoine vun der Kathedral ze erhalen, da klickt hei!

Tapisserië virun d’Restauratioun:

Tapisserië no d’Restauratioun:

Read more

Poopstgebet fir Dezember

“Die christliche Hoffnung ist ein Geschenk Gottes, das unser Leben mit Freude erfüllt”. In diesem letzten Monat des Jahres und an der Schwelle des Jubiläums 2025 erinnert uns der Papst daran, wie wichtig es ist, an der Hoffnung festzuhalten. “Die Welt braucht sie so sehr!”

Franziskus lädt uns ein, die Begegnungen mit Christus zu suchen, die unsere Existenz neu beleben; er ermutigt uns, im kommenden Jubiläumsjahr eine Pilgerreise der Hoffnung zu unternehmen, damit es ein Jahr der Stärkung unseres Glaubens wird.

Wenn Sie die Video anschauen möchte, bitte klicken Sie hier !
Wenn Sie ein Don für das Weltgebitezsnetz vom Poopst machen wollen, bitte klicken Sie hier !

Read more

Dag vun den oppenen Dieren um Cents

De 24. November hunn déi kontemplativ Schwëstere vum spirituellen Zenter um Cents hier Dieren ausnamsweis opgemaach. Dëst war eng gutt Geleeënheet, fir hir 10 Joer Presenz hei zu Lëtzebuerg ze feieren an de Leit en Abléck an hiert Liewen am Alldag an engem Klouschter an der Stad ze ginn.
Fir méi Detailer iwwer dësen Dag, klickt hei!
Wann Dir de spirituellen Zenter um Cents ënnerstëtze wëllt, klickt hei.

Copyright : Isabelle Scart – SCP

Read more

Marie-Jubiläum: Optakt den 8. Dezember

Nodeems de Poopst Franziskus wärend senger apostolescher Visitt hei zu Lëtzebuerg de 26. September de Marie-Jubiläum offiziell opgemaach huet, fänken d’Aktivitéite ronderëm 400 Joer Wallfaart bei d’Tréischterin elo am Dezember un. E Sonndeg, den 8. Dezember, ass um 10.30 Auer eng Pontifikalmass an der Kathedral zum Ufank vum Muttergottesjubiläum mat uschléissender Prëssioun bis bei d’Glacis-Kapell, wou d’Statu vun der Tréischterin wärend enger Woch bleift.
Bis Schlussoktavsonndeg, de 25. Mee 2025, fannen dann eng Rei reliéis Feieren, Konferenzen, Concerten, Ausstellungen an aner Aktivitéite fir Kleng a Grouss statt. D’Geschicht vun der Oktav gëtt am neie Buch “Klagt in Leid … 400 Jahre Wallfahrt zu U. L. Frau von Luxemburg, Trösterin der Betrübten” vum Professer Georges Hellinghausen retracéiert.
All Informatiounen zum Marie-Jubiläum fannt Dir hei: https://www.cathol.lu/www/oktav/400-joer-wallfaart-bei-dtreischterin
Wann Dir dëse schéine Projet, dee vun der Fondatioun Sainte-Irmine matgedroe gëtt, ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.

Read more

FSI finanzéiert d’Formatioun

Reegelméisseg ënnerstëtzt d’Fondatioun d’Seminaristen, déi hei zu Lëtzebuerg studéieren, sief et am Grand séminaire de Luxembourg oder am Séminaire Redemptoris Mater. Wéi déi Semestere virdrunn och, huet d’Stëftung nees d’Käschte fir déi extern Professeren am Kader vun der “Formation canonique en philosophie et théologie” iwwerholl. Dank der Hëllef vun enger Rei Donatricen an Donateure konnt FSI Rechnunge am Gesamtwäert vu 17.352,66.- Euro fir d’Summersemester 2024 bezuelen. Merci am Numm vun de Seminariste fir Är Generositéit!
Wann Dir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister fir d’Lëtzebuerger Kierch weider matdroe wëllt, da klickt hei. Merci villmools fir all Gest!

Read more

Adoratioun zum Optakt vum Advent

Fir an den Advent ze starten, gi mir Iech Rendez-vous dëse Freideg vu 7 Auer bis e Samschdeg 7 Auer fir d’24 Stonne fir eiser Här.

D’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ass vun 20 bis 21 Auer un der Rei, d’Seminariste iwwerhuelen d’Stonn vun 22 bis 23 Auer.

De Weibëschof Mgr Leo Wagener hält zum Ofschloss vun der Adoratioun e Samschdeg Moien um 7 Auer d’Mass.

Kommt, sou wéi et Iech geet, vir enger Véirelstonn, eng Stonn oder fir d’Nuecht laangscht a maacht Ärt Häerz op fir d’Begéinung mam Jesus.

Adoratioun
Read more

E Souvenir vun der Poopstvisitt

E puer Deeg no eiser Annonce kritt Dir nach Kappbezich mam Logo vun der Visitt vum Poopst Franziskus!
Wann Dir d’Chance hutt, Vakanz ze maachen oder op de Flughafe fuert, verpasst dës eenzegaarteg Geleeënheet net, fir de Souvenir vun der Visitt vum Poopst zu Lëtzebuerg matzehuelen an esou de Projet Karibuni ze ënnerstëtzen! All Detailer fannt Dir ënnert dësem Link.
E grousse Merci un d’Luxair an Iech all e schéint Fest vun Allerhelljen.
Read more

E Kaddo fir de Poopst: Merci fir Är Donen!

Léif Donatricen, léif Donateuren,
Dank Ären Done konnt d’Fondatioun Sainte-Irmine 179.430 Euro fir de Kaddo vum Poopst sammelen.
Dëse Kaddo gouf him de 26. September bei Geleeënheet vun der Begéinung mat der kathoulescher Gemeinschaft an der Kathedral zu Gonschte vu senger “Aumônerie apostolique” offréiert.
De Poopst Franziskus huet awer spontan bestëmmt, datt dës Zomm genotzt sollt ginn, fir Mënschen an Nout hei zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen. Esou huet de Poopst dëse Kaddo dem Äerzbistum zréck geschenkt. An den nächste Méint decidéiert de Verwaltungsrot vun der Fondatioun, presidéiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, wéi de betraffene Leit zu Lëtzebuerg am beschte gehollef ka ginn. Precisiounen heizou ginn dee Moment matgedeelt.
Villmools Merci fir Är Generositéit a Merci dem Poopst fir säin aussergewéinleche Gest!

Cadeau du Pape

Crédit photo : SCP

Read more

D’Fondatioun Sainte-Irmine gestallt d’Sonndesmass!

D’Tëleesmass gëtt dëse Sonndeg, 15. September, fir d’éischte Kéier iwwerhaapt aus der renovéierter Kapell vum Glacis iwwerdroen. De Generalvikar Patrick Muller, Rekter vun der Glaciskapell, steet der Feier vir. D’Mass gëtt gehale fir all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine, a besonnesch vun de Projeten “Tëleesmass”, “Renovéierung vun der Glaciskapell” a “Formatioun vun den zukünftege Priister”. Musikalesch gëtt d’Mass animéiert vu Seminaristen, déi zesumme mam Vollek sangen.

Fir matzefeiere fannt Dir d’Liddertexter op engem Lidderblat op dëse Link.

 

Read more

D’Glaciskapell geet nees op

Zanter November 2023 gouf d’Glaciskapell renovéiert. Déi lescht Méint war d’Kapell fir déi grouss Aarbechten zou; heidrënner gesidd Dir e puer rezent Fotoe vum Chantier. D’Freed ass elo grouss: vun dësem Mëttwoch, 14. August, un ass se nees op fir de Public. D’Mass um Virowend vu Mariä Himmelfaart gëtt um 18.15 Auer gefeiert. Sidd häerzlech wëllkomm! Dir kënnt dëse Projet weiderhi mat engem Don ënnerstëtzen!

Read more