Blog

Marie-Jubiläum: Optakt den 8. Dezember

Nodeems de Poopst Franziskus wärend senger apostolescher Visitt hei zu Lëtzebuerg de 26. September de Marie-Jubiläum offiziell opgemaach huet, fänken d’Aktivitéite ronderëm 400 Joer Wallfaart bei d’Tréischterin elo am Dezember un. E Sonndeg, den 8. Dezember, ass um 10.30 Auer eng Pontifikalmass an der Kathedral zum Ufank vum Muttergottesjubiläum mat uschléissender Prëssioun bis bei d’Glacis-Kapell, wou d’Statu vun der Tréischterin wärend enger Woch bleift.
Bis Schlussoktavsonndeg, de 25. Mee 2025, fannen dann eng Rei reliéis Feieren, Konferenzen, Concerten, Ausstellungen an aner Aktivitéite fir Kleng a Grouss statt. D’Geschicht vun der Oktav gëtt am neie Buch “Klagt in Leid … 400 Jahre Wallfahrt zu U. L. Frau von Luxemburg, Trösterin der Betrübten” vum Professer Georges Hellinghausen retracéiert.
All Informatiounen zum Marie-Jubiläum fannt Dir hei: https://www.cathol.lu/www/oktav/400-joer-wallfaart-bei-dtreischterin
Wann Dir dëse schéine Projet, dee vun der Fondatioun Sainte-Irmine matgedroe gëtt, ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.