Blog

De Fonds d’avenir dréit Friichten

Ufank Mäerz 2025 huet d’Fondatioun 133.811 Euro un de Bistum iwwerwisen, fir sech esou un de Käschte vun de Paie fir jonk Priister a Laien am kierchlechen Déngscht ze bedeelegen.

Zanter senger Grënnung virun 10 Joer konnt de Fonds d’avenir e Kapital vu méi wéi 3,6 Milliounen Euro opbauen. Fir 2024 hunn d’Placementer vun dësem Kapital 133.811 Euro un Zënse generéiert, déi un de Bistum weidergeleet goufen.

Mir si frou an houfreg als Fondatioun Sainte-Irmine, datt de Fonds d’avenir elo Friichte bréngt!

Merci allen Donatricen an Donateure fir hir Ënnerstëtzung!

Wann Dir Iech um Fonds d’avenir bedeelegen an esou d’Pastoral vun der Kierch ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

Read more

D’Risebibel vu Sankt Maximin

Am Kader vum Projet “Erhalt vum reliéise Patrimoine” ënnerstëtzt d’Fondatioun d’Conservatioun vun der Risebibel vu Sankt Maximin. D’Nationalbibliothéik, déi dëst aussergewéinlecht Manuskript aus dem 11. Jorhonnert wéinst sengem direkte Lien mam Skriptorium vun Iechternach viru kuerzem kaaft huet, hat en Appell lancéiert, fir sech um Schutz an um Erhalt vun der Risebibel fir déi nächst Generatiounen ze bedeelegen. De Verwaltungsrot vun der Fondatioun huet decidéiert, 3.000 Euro fir dësen Zweck ze ginn.

Fir méi iwwer d’Risebibel vu Sankt Maximin gewuert ze ginn, klickt hei: https://patrimoine.bnl.lu/fr/

Wann och Dir de reliéise Patrimoine ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.

© Brainplug, BnL

Read more

E Kaddo fir de Poopst

Am Kader vum Projet “E Kaddo fir de Poopst” krut d’Fondatioun 455 Donen fir e Gesamtmontant vun 179.930.- Euro.
Et war am Ufank virgesinn, datt de Kaddo fir de Poopst genotzt géif ginn fir d’Wierker vum Dicastère fir den Déngscht vun der Baarmhäerzegkeet (d’Aumônerie apostolique) am Vatikan.
Wärend senger Begéinung mat der kathoulescher Populatioun an der Kathedral huet de Poopst awer spontan säi Wonsch zum Ausdrock bruecht, datt d’Sue vun dësem “Kaddo” zu Lëtzebuerg bleiwe sollt an hei genotzt gëtt zu Gonschte vun aarmen a benodeelegte Leit a vun de Flüchtlingen.

Mir hunn d’Freed Iech elo matzedeelen, datt eng éischt Tranche vun 100.000 Euro u verschidden Associatioune geet.

– den diözesane Flüchtlingsprojet “Reech eng Hand”: 15.000.- Euro fir d’Betreiung vun enger kathoulescher Famill aus dem Pakistan, déi wéinst hirem Glawen hir Heemecht huet misse verloossen; 5.000.- Euro fir jidderee vun den dräi lokale Gruppe vu “Reech eng Hand” vu Bartreng-Stroossen, Déifferdeng an Iewescht Syr (Total : 30.000.- Euro);

– de Projet “Ubuntu rebondit” vum Jesuit Refugee Service Lëtzebuerg: 30.000.- Euro (eng Presentatioun vun dësem neie Projet fannt Dir op www.irmine.lu);

– d’Tricentenaire asbl – Services pour personnes handicapées: 20.000.- Euro;

– de Mouvement ATD Quart Monde Luxembourg: 15.000.- Euro;

– d’Associatioun “Noël de la rue”: 5.000.- Euro.

Natierlech hale mir Iech zu engem spéideren Zäitpunkt iwwer d’Notzung vum Rescht vun de Sue vum “Kaddo vum Poopst” um Lafenden.

Read more

Saxum Lëtzebuerg ass ganz aktiv

Am Laf vum zweete Semester 2024 goufen dës Aktivitéiten am Kader vum Bildungsprojet “Saxum Lëtzebuerg” organiséiert:
– 13 Recollectio an der Krypta vun der Kathedral,
– 30 Reunioune vun dogmatescher Formatioun um Lampertsbierg,
– 1 Studiesëtzung iwwer de Katechismus vun der kathoulescher Kierch,
– 1 Liesung vum Buch “Dieu est parmi nous” vum Abbé Salvador Canals (Éditions du Laurier),
– 1 Formatiounszyklus iwwer integraalt Finanzwiesen an der Stad Lëtzebuerg,
– 2 Konferenze mat Mëttegiessen (iwwer den Islam an iwwer d’Missioun vun der Universitéit am 21. Jorhonnert, am Juli an am November 2024),
– 1 Seminär vun engem Dag zu Belval an der Räim vum “Luxembourg Institute of Socio-Economic Research” zum Theema: “Wat ass d’Zukunft vun der Aarbecht?”, de 4. Oktober 2024.

Fir de Projet Saxum Lëtzebzerg ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Zwee Projete ginn zréckgezunn

Léif Donatricen, léif Donateuren,

No der Annonce vum Enn vun der pastoraler Zesummenaarbecht tëscht der Äerzdiözees Lëtzebuerg an der Brudderschaft Verbum Spei den 31. Januar 2025 kann d’Fondatioun Sainte-Irmine keng Done méi unhuele fir hir Projeten Thumos a Formatioun vun de Bridder.

Mir soen Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung fir dës zwee Projeten an hoffen, och weiderhin op Är Generositéit fir d’Projete vun der Fondatioun zielen ze kënnen.

Fir méi Informatiounen liest de Communiqué, deen de Bistum publizéiert huet.

Read more

5.250 Euro fir d’Tëleesmass

Viru kuerzem war eng Scheckiwwerreechung op der Gare zu Gonschte vu verschiddenen Organisatiounen. De Groupe Animation-Gare huet bei dëser Geleeënheet och der Fondatioun Sainte-Irmine e Scheck vun 5.250 Euro iwwerreecht. Den Abbé Laurent Fackelstein, Paschtouer am Secteur Süde vun der Stad Lëtzebuerg, war bei dëser Feierstonn derbäi an huet den Organisateuren am Numm vun der Stëftung e grousse Merci fir dës formidabel Ënnerstëtzung fir d’Tëleesmass gesot.

Wann och Dir d’Tëleesmass ënnerstëtze wëllt, da klickt hei!

Dir kënnt d’Tëleesmass all Sonndeg op ApartTV, RTL2 a cathol.lu suivéieren. De Live an de Replay fannt Dir hei: https://www.cathol.lu/www/sonndesmass

Read more

Gebietsintentioun fir de Januar

Um Ufank vum Hellege Joer rappeléiert de Poopst eis en dréngend Uleies: d’Recht op Bildung fir all Kanner a Jonker. “Haut sti mir virun enger reeller Bildungskatastroph”, rifft hien eis am Video vum Poopst fir de Mount Januar, dee vu sengem weltwäite Gebietsnetz realiséiert gëtt, an Erënnerung. Ongeféier 250 Millioune Kanner kënnen net ënnerriicht gi wéinst Kricher, Migratioun an Aarmutt.
D’Bildung geet méi wäit wéi just d’Léieren: et ass e Wee vun der Hoffnung! Si bitt de Migranten an de Flüchtlingen Hëllefsmëttel, fir sech an den neie Gemeinschaften ze integréieren, fir net ausgebeut ze ginn a fir eng besser Zukunft fir sech selwer an d’Gesellschaft opzebauen.
“Biede mir dofir, datt d’Recht op Bildung fir d’Migranten, d’Flüchtlingen an all Leit, déi Affer vum Krich sinn, ëmmer respektéiert gëtt an esou d’Schafe vun enger besserer Welt garantéiert.”
Fir de Video op Youtube ze kucken, klickt hei!
Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst zu Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Neie Projet an der Krypta

Nodeems am Kader vun der Valorisatioun vun der Kathedral vu Lëtzebuerg 2024 zwou grouss Tapisserien restauréiert goufen, plangt d’Kierchefabrick vun Notre-Dame en neie Projet fir 2025. An der Krypta wäert dat historescht Eisegitter ronderëm d’Altorinsel restauréiert an nees installéiert ginn. De Käschtepunkt soll bei ronn 25.000 Euro leien.
Am Januar 2025 wäert doriwwer eraus och d’Fënster (Rosette) um Niveau vum Ducksall zur Säit vum Parvis vun der Kathedral duerch eng entspriechend Beliichtung opgewäert ginn.
Wann Dir hëllefe wëllt, de Patrimoine vun der Kathedral ze valoriséieren, da klickt hei!

Read more

3. Januar: Gedenkdag vun der Hl. Irmina

Um Ufank vun all Joer gedenkt d’kathoulesch Kierch der Helleger Irmina. Si huet eiser Stëftung hiren Numm ginn.
Och wa vun hirer Vita net alles historesch beluecht ass respektiv kontrovers diskutéiert gëtt, sou ass d’Irmina vun Tréier (Oeren) dach eng zentral Figur vum reliéise Liewen an der zweeter Hallschent vum 7. Jorhonnert no Christus. Vun 697/698 hu war si déi zweet Äbtissin vum Benediktinerinneklouschter Oeren; zu derselwechter Zäit huet si dem Bëschof Willibrord Terrainen zu Iechternach vermaach, ob deenen hien säi Klouschter baue konnt. Iechternach gouf dono zu engem Zentrum vum chrëschtleche Glawen a Westeuropa a vun hei aus war den angelsässesche Missionar Willibrord aktiv.
D’helleg Irmina war eng vun de wichtegsten Ënnerstëtzerinne vum hl. Willibrord; wärend si fir d’materiell Besoinë vum Klouschter gesuergt huet, konnt eisen zweete Patroun vum Land d’Evangelium verkënnegen, de Mënschen déi gutt Noriicht an Heelung bréngen an zur Verbreedung vum chrëschtleche Glawen an eise Regiounen beidroen.

Um 3. Januar gedenkt d’Kierch hei zu Lëtzebuerg der hl. Irmina. Als Fondatioun Sainte-Irmine wëlle mir op dësem Dag eis Dankbarkeet ausdrécke fir hiert Wierken. Villmools Merci wëlle mir op dësem Dag och allen Donatricen an Donateuren soen, déi wéi déi Hëlleg vun hirem Besëtz ginn, fir der Kierch vu Lëtzebuerg ze déngen an esou duerch hir Generositéit wichteg pastoral Projeten vun der Äerzdiözees ze ënnerstëtzen.
Helleg Irmina, biet fir eis!

Read more

57.500 Euro fir d’Glacis-Kapell

No knapp engem Joer konnten d’Renovéierungsaarbechten an der Glacis-Kapell am Oktober 2024 mat der Installatioun vun den neie Luuchten ofgeschloss ginn. Am Kader vun dësen Aarbechte goufen historesch Wandmolereien fräigeluecht respektiv renovéiert, notamment ronderëm d’Grafsteng vun den zwee éischte Bëscheef vu Lëtzebuerg, an d’Kapell nei ugestrach. Zanter Mëtt August ass d’Kapell um Glacis nees op fir de Public; vun dëser Plaz aus gouf och de 15. September d’Tëleesmass vun der Fondatioun Sainte-Irmine iwwerdroen. Dank der Generositéit vu ronn 190 Donatricen an Donateure konnt d’Stëftung sech bis elo mat insgesamt 57.503,41 Euro un de Renovéierungskäschte bedeelegen. E grousse Merci fir all Ënnerstëtzung!
Dëse Projet gëtt elo Enn dës Joer offiziell clôturéiert. Wann Dir Iech bis dohinner nach bedeelege wëllt, da klickt hei.

Read more