
Um Ufank vun all Joer gedenkt d’kathoulesch Kierch der Helleger Irmina. Si huet eiser Stëftung hiren Numm ginn.
Och wa vun hirer Vita net alles historesch beluecht ass respektiv kontrovers diskutéiert gëtt, sou ass d’Irmina vun Tréier (Oeren) dach eng zentral Figur vum reliéise Liewen an der zweeter Hallschent vum 7. Jorhonnert no Christus. Vun 697/698 hu war si déi zweet Äbtissin vum Benediktinerinneklouschter Oeren; zu derselwechter Zäit huet si dem Bëschof Willibrord Terrainen zu Iechternach vermaach, ob deenen hien säi Klouschter baue konnt. Iechternach gouf dono zu engem Zentrum vum chrëschtleche Glawen a Westeuropa a vun hei aus war den angelsässesche Missionar Willibrord aktiv.
D’helleg Irmina war eng vun de wichtegsten Ënnerstëtzerinne vum hl. Willibrord; wärend si fir d’materiell Besoinë vum Klouschter gesuergt huet, konnt eisen zweete Patroun vum Land d’Evangelium verkënnegen, de Mënschen déi gutt Noriicht an Heelung bréngen an zur Verbreedung vum chrëschtleche Glawen an eise Regiounen beidroen.
Um 3. Januar gedenkt d’Kierch hei zu Lëtzebuerg der hl. Irmina. Als Fondatioun Sainte-Irmine wëlle mir op dësem Dag eis Dankbarkeet ausdrécke fir hiert Wierken. Villmools Merci wëlle mir op dësem Dag och allen Donatricen an Donateuren soen, déi wéi déi Hëlleg vun hirem Besëtz ginn, fir der Kierch vu Lëtzebuerg ze déngen an esou duerch hir Generositéit wichteg pastoral Projeten vun der Äerzdiözees ze ënnerstëtzen.
Helleg Irmina, biet fir eis!