Blog

Virbereedung vun de Weltjugenddeeg 2023

D’Weltjugenddeeg (JMJ) sinn eng Begéinung vu Jonker aus aller Welt mam Poopst. Dëse Summer invitéiert de Poopst Franziskus déi Jonk op Lissabon. Notéiert Iech elo d’Rendez-vouse fir deelzehuelen.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Programm-JMJ_2023
Read more

D’Aarbechten zu Santa Catarina um Cap-Vert gi gutt virun

MISSIO Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Ariichtung vun der Kierch zu Santa Catarina zu Santiago um Cap-Vert.

Dank ënnert anerem Ären Done konnt d’Kierch renovéiert an ekippéiert ginn. Merci fir Är Generositéit. Et bleiwen awer nach Aarbechten ze maachen: d’Dieren an d’Fënstere mussen ersat ginn, fir ze verhënneren, datt Waaser erakënnt. Mir brauchen Är Hëllef!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Projektioun vun Aporia an der LSRS

De 6. Mäerz 2023 empfänkt d’LSRS den Estienne Rylle fir d’Projektioun vu sengem Kuerzfilm Aporia; uschléissend ass eng Diskussioun mam Public.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Kiermes vum spirituellen Zenter um Cents

De leschten 21. Januar hat de spirituellen Zenter vum Cents seng traditionell Kiermes organiséiert. Bei dëser Geleeënheet huet den hl. Jean Bosco sech de Kanner virgestallt! Wat eng Freed fir d’Kanner op dësem schéine Spilldag!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

d’Fresk vum Klima an der Maison Iñigo

Maison Inigo - d'Fresk vum KlimaDir sidd interesséiert um Erhalt vum “gemeinsamen Haus”? Dann huelt deel un engem spillereschen Atelier, deen op der kollektiver Intelligenz ronderëm d’Fresk vum Klima baséiert.

Dräi Sessiounen zur Auswiel an der Maison Iñigo:

  • Samschdeg, den 28. Januar, vun 9.30 bis 12 Auer
  • Samschdeg, den 28. Januar, vu 14.30 bis 17 Auer
  • Sonndeg, den 29. Januar, vu 14.30 bis 17 Auer

Fir Aschreiwungen klickt hei

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Gebietsintentioun vum Poopst fir de Mount Januar

Fannt hei d’Gebietsintentioun vum Poopst Franziskus fir säi weltwäit Gebietsnetz fir Januar 2023:

Fir d’Erzéier
Loosse mir bieden, datt d’Erzéier glafwierdeg Zeie sinn, andeem datt si éischter d’Bridderlechkeet wéi d’Kompetitioun enseignéieren an datt si besonnesch deene schwächste Jonken hëllefen.

Fir d’Video vun den Intentiounen ze gesinn, klickt hei!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Reseau-Mondial-de-priere-du-pape
Read more

Ekologescht Mëttegiessen an der Maison Iñigo

Ekologescht Mëttegiessen an der Maison IñigoD’Haus Iñigo erwaart Iech dëse Sonndeg, de 15. Januar, fir säin nächst ekologescht Mëttegiessen!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Fräiwëlleger gesicht fir Karibuni

De Flüchtlingsservice vun de Jesuitten zu Lëtzebuerg (JRS) begleet d’Flüchtlingen a setzt sech fir hier Uleies an, dëst Dank eisen Hëllefsprogrammer an Initiativen zu Gonschte vun der sozialer Inklusioun.

Fir eisen Integratiounsprojet Karibuni, dee sech u jonk Flüchtlinge riicht, siche mir Fräiwëlleger.

Wëllt Dir samschdes oder an der Schoulvakanz u soziokulturellen a sportlechen Ausflich deelhuelen?

Oder hinnen d’Aarbechtswelt méi nobréngen, andeems dat Dir deene Jonken zur Säit stidd bei der Sich no Stagen, Summerjobs oder Léierplazen?

Oder hinne wärend hirem Schoulparcours duerch eng individualiséiert Ënnerstëtzung hëllefen?

Oder u Vakanzenaktivitéite mat hinnen deelhuelen (Vëlostier, Summerakademie, Openthalt op der Musel, asw.)?

Wann dat Iech alles zouseet, da kontaktéiert aline.nepomuceno@jrs.net, Tel. +352 621 825 825 oder kuckt eise Site: https://lux.jrs.net/fr/accueil/devenir-benevole/

Volontariat-Karibuni
Read more

De Kleeschen an der Scuola Materna

De 5. Dezember huet d’Scuola Materna Cattolica Internazionale de Kleesche gefeiert. D’Eltere konnten un enger flotter Opféierung vun de Kanner an hiren Enseignanten deelhuelen, déi op italienesch, franséisch an englesch war. All Kand krut e Kaddo vum Kleeschen, an et ass och eng Klengegkeet ze iesse ginn.
Wat eng Freed, déi ganz Gemeinschaft esou versammelt ze gesinn!
D’Scuola hat d’Éier den Damiano Rampini als Vertrieder vun der italieenescher Ambassade, d’Membere vum Verwaltungsrot vun hirer ASBL Fabio Morvilli, Jean-Louis Zeien a Mario Angeli, hire Kaploun Padre Zefferino an den Diakon Michele Camposeo begréissen ze kënnen.
Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!
Scuola Kleeschen 2022 Scuola Kleeschen 2022
Read more

Krëpperchersaustellung aus ganz Europa

Am Kader vun Esch 2022 – europäesch Kulturhaaptstad proposéiert de Projet “Esch 2022 – Zesumme wann verschidden” Iech eng wonnerschéin Ausstellung vu Krëppercher aus ganz Europa ze entdecken. Dës Ausstellung ass vun e Samschdeg, den 10. Dezember, bis e Sonndeg, den 18. Dezember, vun 14.00 bis 18.00 Auer op 17, rue Belval zu Esch-Uelzecht.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more