Blog

De Kleeschen an der Scuola Materna

De 5. Dezember huet d’Scuola Materna Cattolica Internazionale de Kleesche gefeiert. D’Eltere konnten un enger flotter Opféierung vun de Kanner an hiren Enseignanten deelhuelen, déi op italienesch, franséisch an englesch war. All Kand krut e Kaddo vum Kleeschen, an et ass och eng Klengegkeet ze iesse ginn.
Wat eng Freed, déi ganz Gemeinschaft esou versammelt ze gesinn!
D’Scuola hat d’Éier den Damiano Rampini als Vertrieder vun der italieenescher Ambassade, d’Membere vum Verwaltungsrot vun hirer ASBL Fabio Morvilli, Jean-Louis Zeien a Mario Angeli, hire Kaploun Padre Zefferino an den Diakon Michele Camposeo begréissen ze kënnen.
Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!
Scuola Kleeschen 2022 Scuola Kleeschen 2022