Blog

Priisterwei an der Oktav

Um Héichfest vun der Tréischterin, e Samschdeg, den 2. Mee, um 9.30 Auer, ginn zwee Diakonen, de Cedric Latz an de Leonardo Pulia, vum Kardinol Jean-Claude Hollerich zu Priister fir eis Äerzdiözees geweit. Dëst ass e Moment vu grousser Freed fir d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg!
Zanter ville Joren ënnerstëtzt d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Ausbildung vun eisen zukünftege Priister. Konkreet gi Sproochecoursen, en Deel vun der theologescher Formatioun a Bildungsreese fir d’Seminariste mat den Done finanzéiert.
Wann och Dir dëse Projet am Kader vun der Priisterwei ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.