Neie Projet: Ubuntu a solidaresch Franséischcoursen

Neie Projet: Ubuntu a solidaresch Franséischcoursen

Ubuntu a solidaresch Franséischcoursen

Neit Vertraue ginn!

Mat Ubuntu rebondit an de solidaresche Franséischcoursen offréiert de JRS Lëtzebuerg eng qualitativ an nohalteg Begleedung vu Flüchtlingen a Leit, déi deplacéiert goufen. D’Haaptzil vun der Aktioun zu Gonschte vun dëse Leit, déi entwuerzelt a geschwächt sinn, ass et eng Presenz am Geescht vum hl. Ignatius unzebidden an eng Kultur vun der Begéinungen tëscht alle Leit, Flüchtlingen an Awunner, ze fërderen an esou d’Integratioun ze favoriséieren.

De Projet Ubuntu, 2017 gegrënnt an 2021 an Ubuntu rebondit ëmbenannt, setzt sech mat der Ënnerstëtzung vu “Reech eng Hand” weiderhin zu Gonschte vun de Flüchtlingen an de Foyeren, an de Familljen an an de Centres de rétention an.

Ubuntu rebondit ass och eng Plaz vun Accueil, déi all Dag an der Woch op ass, a wou ongeféier 80 jonk Erwuessener reegelméisseg hikommen, fir aus hirem Alldag erauszekommen, aner Jonker ze begéinen, vun hire Schwieregkeeten ze schwätzen an Hoffnung ze behalen dank engem oppenen Ouer vun deene Leit, déi hei fir si do sinn. Hinne gëtt eng Hëllef gebueden, fir hir Moral ze stärken, hir administrativ Situatioun ze verstoen an e bewosste Choix fir hir Zukunft ze maachen. “Ubuntu rebondit”, en Uert fir nei Kraaft ze fannen, dat sinn all Woch och sportlech a sozio-kulturell Aktivitéiten, déi och an de Centres de rétention ugebuede ginn. De JRS ass deen eenzegen Akteur, deen all Joer eng honnert Visitten an dësen Zentre mécht.

D’solidaresch Franséischcoursë fir erwuesse Flüchtlinge vervollstännegen d’Offer fir déi Leit, déi am schwaachste stinn. Si goufen 2016 agefouert, besonnesch nom Krich a Syrien, deen Deeler vun der syrescher Populatioun an den Exil gezwongen huet. Mat der Grënnung vum JRS Lëtzebuerg 2020, sinn d’Coursen an de globale Projet vum JRS hei zu Lëtzebuerg integréiert ginn. Déi Coursen sinn e Mëttel fir déi jonk Erwuessener, déi dacks traumatiséiert sinn, fir nees Liewenskraaft ze fannen an eng Méiglechkeet, sech zu Lëtzebuerg ze integréieren.

An der Stad halen eng 20 Benevoller Coursë fir ronn honnert Jonker, wärend zu Esch-Uelzecht zwee Benevoller 15 Leit encadréieren.

D’Suerg vum JRS ass et, sech ëm déi Schwaach ze këmmeren, hir Talenter ze valoriséieren an deene Leit, déi dacks näischt méi hunn an um Bord vun der Gesellschaft liewen, neit Vertrauen ze ginn. D’Coursë sinn zugläich och Momenter vun Austausch a Begéinung an enger gudder Atmosphär.

Dir kënnt eis hëllefe mat Ären Donen, déi zur Finanzéierung vun den Aktivitéite bäidroen, sief et fir pedagogescht Material, fir Ausflich oder kleng Fester.

D’Ënnerstëtzung fir an d’Integratioun vun de Leit, déi hiert Land hu misse verloossen, stinn am Mëttelpukt vun eise Projeten. Hëlleft eis eng besser Zukunft fir eis Bridder a Schwësteren opzebauen! Merci!

De Projet Ubuntu rebondit schreift sech an d’Logik vum Projet Karibuni an, dee vun 2020 u vun der Fondatioun Sainte-Irmine ënnerstëtzt an Enn 2024 ofgeschloss gouf.

MENTIOUN VUM DON : UBUNTU REBONDIT A SOLIDARESCH FRANSEISCHCOURSEN

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Montant à collecter:

25.500 €

Ubuntu rebondit

0€ of 25.500€ raised
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 100,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen