De Moment zielt “d’Scuola Materna Cattolica Internazionale” 28 Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer a bitt dësen eng kathoulesch a méisproocheg Ausbildung un.
Dës familiär Struktur erlaabt et de Kanner, hir éischt Schrëtt an d’Schoulliewen an engem gudde Klima ze maachen.
Si evoluéieren an engem multikulturellen Ëmfeld, begleet vun enger dynamescher a passionéierter pädagogescher Ekipp. D’Course ginn an zwou Sprooche ugebueden: Italieenesch-Englesch, Italieenesch-Franséisch oder Englesch-Franséisch.
Déi chrëschtlechWäerter sinn am Alldag integréiert duerch eng Aféierung an de Glawen, Gebieder an d’Feier vu Fester.
Zousätzlech preparéiert eng Kächin am Haus e gutt a gesond Iessen, wat zu der Qualitéit vun der familiärer Atmosphär bäidréit.
Um Enn vun den dräi Joer an der Spillschoul hunn d’Kanner e feste kulturellen, sproochlechen a relationellen Hannergrond.
D’Schoul läit iwwer de Péitrussdall an ëmgi vu villem Gréngs um halwe Wee tëscht der Uewerstad an der Gare. D’Gebai, en herrschaftlecht Haus aus dem Joer 1912, gëtt am Summer 2025 renovéiert, fir säin historesche Charme z’erhalen a gläichzäiteg d’Sécherheet an d’Wuel vun de Kanner ze garantéieren.
An deem Kontext sicht d’Scuola materna Fongen, déi et der Schoul erlaben, dësen eenzegaartege Kader zukunftsfäeg ze halen an den Erzéiungsmodell, deen op de kathoulesche Wäerter an Traditiounen opbaut, oprecht z’erhalen. Mat Ärer Generositéit kann dëse geschichtsträchtegen Uert och an Zukunft Kanner bei hiren éischte Schrëtt an der Schoul empfänken a begleeden.
MENTIOUN VUM DON :
Fonds de développement Scuola Materna Cattolica Internazionale
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.


“Ech wënschen Iech all, Elteren, Léierpersonal, Leit, déi an de Schoule schaffen, Schüler, e gudde Wee duerch d’Schoulzäit, e Wee, deen et erlaabt, dräi Sproochen ze entwéckelen, déi eng erwuesse Persoun kenne sollt: d’Sprooch vum Geescht, d’Sprooch vum Häerz an d’Sprooch vun den Hänn.”
Pourquoi j’aime l’école, Poopst François
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen
Op der Foto ass d’Schwëster Luciana a Begleedung vum Kardinol Jean-Claude Hollerech. D’Schwëster Luciana war jorelaang Direktesch vun der “Scuola Materna”. Am Juli 2020 ass si zréck gaangen an hiert Heemechtsland Italien.
