Scuola Materna Cattolica Internazionale

Scuola Materna Cattolica Internazionale

De Moment zielt “d’Scuola Materna Cattolica Internazionale” 27 Kanner am Alter vun 3 bis 6 Joer a bitt dësen eng kathoulesch a méisproocheg Ausbildung un.

D’Schoul läit iwwer de Péitrussdall an ëmgi vu villem Gréngs um halwe Wee tëscht der Uewerstad an der Gare.

Dës familiär Struktur erlaabt et de Kanner, hir éischt Schrëtt an d’Schoulliewen an engem gudde Klima ze maachen.

Si evoluéieren an engem multikulturellen Ëmfeld, begleet vun enger dynamescher a passionéierter pädagogescher Ekipp. D’Course ginn an zwou Sprooche ugebueden: Italieenesch-Englesch, Italieenesch-Franséisch oder Englesch-Franséisch.

Déi chrëschtlech [] Wäerter sinn am Alldag integréiert duerch eng Aféierung an de Glawen, Gebieder an d’Feier vu Fester.

Zousätzlech preparéiert eng Kächin am Haus e gutt a gesond Iessen, wat zu der Qualitéit vun der familiärer Atmosphär bäidréit.

SCMI Ekipp 2023

 

 

Um Enn vun den dräi Joer an der Spillschoul hunn d’Kanner e feste kulturellen, sproochlechen a relationellen Hannergrond.

D’Scuola Materna sicht Fongen, fir dësen aussergewéinleche Kader ze erhalen an hirem Bildungsmodell, deen op der Vermëttlung vu Wäerter a kathouleschen Traditioune baséiert, eng Zukunft ze ginn.

 

 

MENTIOUN VUM DON :

Entwécklungsfong Scuola Materna Cattolica Internazionale

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Scuola Materna Cattolica Internazionale logo
Contact
Direktesch

“Ech wënschen Iech all, Elteren, Léierpersonal, Leit, déi an de Schoule schaffen, Schüler, e gudde Wee duerch d’Schoulzäit, e Wee, deen et erlaabt, dräi Sproochen ze entwéckelen, déi eng erwuesse Persoun kenne sollt: d’Sprooch vum Geescht, d’Sprooch vum Häerz an d’Sprooch vun den Hänn.”

Pourquoi j’aime l’école, Poopst François

 

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen

Op der Foto ass d’Schwëster Luciana a Begleedung vum Kardinol Jean-Claude Hollerech. D’Schwëster Luciana war jorelaang Direktesch vun der “Scuola Materna”. Am Juli 2020 ass si zréck gaangen an hiert Heemechtsland Italien.