Blog

E Reportage iwwer d’Seminaristen

RTL huet en Documentaire iwwer d’Seminaristen zu Lëtzebuerg realiséiert.

Dës Männer, déi hirt Liewen dem Priistertum verschreiwen, brauchen Är Ënnerstëtzung fir hir Formatioun, hire Logement an hiren Ënnerhalt.

Kuckt de Reportage, andeem’s datt Dir op dëse Link klickt!

Wann Dir d’Formatioun vun de Priister vu muer matdroe wëllt, da klickt hei.

Read more

Kooperatioun vu MISSIO mat der Pita Kuning Fondatioun

Zenter Oktober 2024 huet Missio Kannermissiounswierk Lëtzebuerg eng Kooperatioun mat der Pita Kuning Fondatioun an enger Kaffisréischterei an Indonesie Zil ass e laangfristeg Zesummenaarbecht sécherstellen an Hëllef gi wou si gebraucht gëtt.

Donieft ënnerstëtzt d’Kannermissiounswierk och aner Projeten uechter d’Welt mat deene Suen déi duerch Aktivitéite vun de Kanner, an de Katechesgruppen am Land an duerch Parinitiativen, wou mir immens dankbar si fir all Suen déi mir kréien.

D’Fondatioun Pita Kuning ass am Joer 2007 gegrënnt gi fir Kanner mat Kriibs an hire Familljen ze hëllefen. Hir Missioun ass:

  • Liewensqualitéit vun de Kanner verbesseren
  • hinnen Zougank zou Behandlung erméiglechen
  • hinnen emotional Ënnerstëtzung ginn
  • hir Famille wärend dëser schwéierer Zäit ënnerstëtzen.

Si kënnen Hëllef kréien an de Beräicher psychologesch Betreiung, Schoulmaterial a Coursen, medezinesch Material a Transportkäschten, Traitement, Wann d’Kand stierft och fir d’Begriefneskäschten an Trauerbegleedung.

Doriwwer eraus mécht d’Fondatioun och aner Offerte wéi mol e klenge Kaddo, eng Feier mat aneren, Fräizäitaktivitéiten etc..

De Kaffi den zugonschte vum Projet an Indonesie verkaf gëtt kann en nëmmen direkt bei MISSIO bezéien!

Weider Informatiounen fënnt dir op eisem Site www.missio.lu oder
am Centre MISSIO 21, Route de Luxembourg. 3253 Bettembourg: Tel.: 45 32 61

Read more

Coursë fir d’Seminariste finanzéiert

Am Kader vun der Formatioun vun de Seminaristen am Grand Séminaire an am Séminaire Redemptoris mater huet d’Fondatioun Sainte-Irmine Käschte fir d’Wantersemester 2024-2025 iwwerholl. Konkreet goufe Sproochecoursen (Lëtzebuergesch a Franséisch), Coursë vun der Moraltheologie a vun der Sozialléier vun der Kierch, déi vun externe Professere gehale goufen, mat 5.421,93.- Euro finanzéiert.

Mir soen alle Leit villmools Merci, déi d’Formatioun vun de zukünftege Priister matgedroen hunn, besonnesch elo am Kader vun de Priister- an Diakoneweien de 17. Mee.

Wann och Dir dëse wichtege Projet ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir d’Seminariste mat Ärem Gebiet begleeden. A fir en Don ze maachen: klickt hei!

Read more

Dräi jonk Männer goufe geweit

E Samschdeg, de 17. Mee, huet eisen Här Äerzbëschof, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, de Leonardo Pulia, Seminarist vum Seminaire Redemptoris mater, zum Diakon geweit. Gläichzäiteg goiufen och zwee jonk Diakonen, den Diego de Lima an den Antoine Do SCJ, zu Priister geweit.

Zanter Joren ënnerstëtzt d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Formatioun vun de Seminaristen a finanzéiert en Deel vun hirer theologescher Formation, Sproochecoursen a Studiereesen. Wann Iech d’Ausbildung vun eise Seminaristen e wichtegt Uleies ass, kënnt Dir en Don maache fir de Projet “Formatioun vun den zukünftege Priister”: klickt hei.

Read more

De JRS Lëtzebuerg ass geplënnert

De Jesuit Refugee Service (JRS Lëtzebuerg) hat den 23. Abrëll seng Donatricen an Donateuren op eng Receptioun invitéiert, fir hinnen déi nei, méi grouss Räimlechkeeten an der avenue Gaston Diderich virzestellen. Wärend den Aarbechten um Gebai op 23, avenue Gaston Diderich ass d’Maison Iñigo mat all hiren Aktivitéiten (vu Sproochecourse fir Flüchtlingen bis Katechees fir Kanner a Jonker) fir zwee Joer op d’Nummer 54 (dem ale Gebai vum Kadaster) an der selwechter Strooss geplënnert.

Am Numm vum JRS huet den Här Bechara Ziade, President vun der Associatioun, d’Leit wëllkomm geheescht, ënnert hinnen och de Generalvikar Patrick Muller an d’Madamm Marie-Christine Ries vu “Reech eng Hand”, an hinne villmools Merci gesot fir all Ënnerstëtzung finanzieller Aart oder duerch e Benevolat, notamment bei de Sproochecoursen. Dono hunn d’Coordinatrice Patricia Jamar an d’Mataarbechter vum JRS hir Aktivitéite zu Gonschte vun de Mënschen, déi hir Heemecht hu misse verloossen, kuerz virgestallt. Ganz beandrockend waren och d’Temoignagë vun zwee jonken erwuessene Flüchtlingen, déi zanter Jore vum JRS encadréiert ginn a sech gutt zu Lëtzebuerg integréiert hunn. Uschléissend gouf en Tour duerch d’Haus gemaach.

Wann Dir d’Aarbecht vum JRS ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat mat engem Don fir de Projet “Ubuntu rebondit a solidaresch Sproochecoursen” maachen. Merci am Viraus.

Read more

Merci, Poopst Franziskus!

All Mount hutt Dir eis invitéiert, fir mat Iech ze biede fir d’Erausfuerderunge vun der Mënschheet an d’Missioun vun der Kierch. Dir hutt eis geléiert, Matgefill mat den aneren ze hunn nom Virbild vu Jesus Christus.

Merci, Poopst Franzisus, fir Ärt Liewen an Ärt Beispill.

Ärt weltwäit Gebietsnetz.

Read more

D’Seminaristen zu Roum

Vum 4. bis den 10. Abrëll ware Seminariste vu Lëtzebuerg op Pilgerrees zu Roum fir d’Hellegt Joer. No engem Stopp zu Turin si si de 7. Abrëll a Presenz vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, duerch d’hellegt Paart vum Péitersdoum gaangen.

D’Jubiläumsjoren (och Helleg Jore genannt) si besonnesch Zäiten an der kathoulescher Kierch, déi all 25 Joer gefeiert ginn. Si si gepräägt vun dësen zentralen Elementer: d’Pilgerrees, d’Bous, d’Beicht an eng spirituell Erneierung.

Fir d’Formatioun vun de Seminaristen ze ënnerstëtzen, klickt hei!

seminaristes_Rome
Seminaristes_Rome
Read more

Für den Gebrauch der neuen Technologien

„Wie sehr würde ich mir wünschen, dass wir weniger auf die Bildschirme und mehr in die Augen der anderen schauen!“ – so lautet der Wunsch des Heiligen Vaters, den er in seinem Video vom April geäußert hat, das vom Weltweiten Gebetsnetzwerk des Papstes in Zusammenarbeit mit Coronation Media und mit Unterstützung des Dikasteriums für den Dienst zugunsten der ganzheitlichen Entwicklung des Menschen gedreht wurde.

Der Heilige Vater lädt uns ein, „Die Technologie nutzen, um zu einen, nicht um zu spalten“. Franziskus warnt vor dem Risiko, dass Technologien persönliche Interaktionen ersetzen, was zu einer Verschlechterung der Qualität unserer menschlichen Beziehungen führen kann. Er lädt uns ein, ein Gleichgewicht zu finden, indem wir die Technologie nutzen, um echte menschliche Verbindungen zu ermöglichen, und sie nicht durch virtuelle Interaktionen ersetzen.

Die Gebetsmeinung des Papstes ist eine Einladung, ein kritisches Bewusstsein dafür zu entwickeln, wie wir die Technologie und ihre Auswirkungen auf unser Leben und die Gesellschaft nutzen. Dazu gehört auch, über unsere eigenen digitalen Praktiken nachzudenken und einen verantwortungsvollen und bewussten Umgang zu fördern, der die ganzheitliche menschliche Entwicklung begünstigt.

„Beten wir, dass der Gebrauch der neuen Technologien nicht die menschlichen Beziehungen ersetzt, die Würde der Personen respektiert und hilft, uns den Krisen unserer Zeit zu stellen.“ Papst Franziskus Poopst Franziskus

Fir de Video ze kucken, klickt hei!

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

100.000 Euro fir sechs Projeten

A senger Sëtzung vum 2. Abrëll 2025 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine decidéiert, e Gesamtmontant vun 100.000 Euro, deen aus Donen ouni spezifesch Mentioun besteet, déi wärend dem Joer 2024 gemaach goufen, un dës Projeten ze verdeelen:

– Fonds d’avenir vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg: 20.000.- Euro;

– Tëleesmass: 20.000.- Euro;

– Formatioun vun den zukünftege Priister (Encadrement vun zwee vietnamesesche Seminaristen): 20.000.- Euro;

– Scuola materna cattolica internazionale (Renovatioun vun der Schoul): 20.000.- Euro;

– Thailand 2025 (Pilgerrees vun der Jugendpastoral): 10.000.- Euro;

– Spirituellen Zenter um Cents (fir d’Käschten, déi de Bistum iwwerhëlt): 10.000.- Euro.

D’Fondatioun seet allen Donatricen an Donateure villmools Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung!

Read more

De Joresrapport 2024 ass online

Léif Visiteuren,

D’Ekipp vun der Fondatioun huet de Joresrapport 2024 gemaach, fir datt Dir all wichteg Informatiounen zur Stëftung an hiren Aktivitéiten a Projeten fannt, déi mat der Hëllef vun Ären Done konnte finanzéiert ginn.

Mir soen Iech e grousse Merci fir Är lescht Donen an hoffen, och 2025 op Ären Appui zielen ze kënnen!

Read more