Blog

Diakonewei

E Samschdeg, 18. Oktober, gouf de Seminarist Cedric Latz vum Kardinol Jean-Claude Hollerich an der Kierch zu Bouneweg zum Diakon geweit.

“Huet net eist Häerz gebrannt.” (Lk 24,32)

Kuckt d’Fotoen op Cathol.lu

Fir de Projet vun der Formatioun vun den künftege Priister ze ënnerstëtzen, klickt hei.

© Domingos Martins – SCP

Read more

D’Projete vum Christ-Roi goufe verlängert

D’Fondatioun Sainte-Irmine begleet d’Gemeinschaft vum Christ-Roi bei hirem Fundraising, dëst zanter 2020 fir d’Kapell vum Christ-Roi an zanter 2022 fir d’Maison Iñigo. Am Juli 2025 hunn déi Responsabel vun der Fondatioun Sainte-Irmine a vum Christ-Roi zesummen entscheed, d’Projeten ëm dräi weider Joren ze verlängeren.

Hei e klengen Iwwerbléck iwwer déi lescht dräi Joer:

Zanter August 2020 huet d’Fondatioun am ganzen 54.220 Euro gesammelt fir den Ënnerhalt an den Erhalt vun der Kappel vum Christ-Roi. Dës Zomm gouf investéiert fir Aarbechten un der Tounanlag an un der Beliichtung a fir den Ënnerhalt vun der Kapell. Geschat ronn 1.500 Leit hu vun dësem Projet profitéiert. An den nächste Jore wëll de Christ-Roi Solarpannoen um Daach installéieren, fir d’Käschte vum Entretien ze reduzéieren.

Zanter Abrëll 2022 krut d’Fondatioun 92.141 Euro fir d’Maison Iñigo, dovunner sinn ënnert anerem 72.633 Euro an de Fonctionnement investéiert ginn an 2.753 Euro an den Accueil.

Wéinst Aarbechten huet d’Maison Iñigo d’lescht Joer vum 23 op de 54, avenue Gaston Diderich misse plënneren. D’Käschte pro Joer belafe sech op 60.000 Euro. Ronn 800 Leit profitéiere vun dësem Projet.

D’Fondatioun seet dem Pater Christian Motsch, Superieur vun der Jesuittegemeinschaft hei zu Lëtzebuerg, villmools Merci fir seng Aarbecht Joer am Déngscht vum Christ-Roi.

Fir den Ënnerhalt vun der Kapell vum Christ-Roi ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir d’Aktivitéite vun der Maison Iñigo matzedroen, klickt hei!

Read more

Lasst uns mit dem Papst beten

Diesen Monat lädt uns Papst Leo XIV. ein, „für unsere Beziehung zur ganzen Schöpfung“ zu beten. Inspiriert von Franz von Assisi, lädt er uns ein, unsere Verbundenheit mit allen Geschöpfen zu spüren, die von Gott geliebt und respektiert werden.

Sein Gebetsanliegen für September fällt in die sogenannte „Zeit der Schöpfung“. Das ist eine besondere Zeit, in der Christen verschiedener Konfessionen gemeinsam für die Bewahrung der Erde beten und sich dafür einsetzen. Außerdem feiern wir zwei wichtige Jubiläen: den 800. Jahrestag des Sonnengesangs des heiligen Franz von Assisi und den 10. Jahrestag der Enzyklika Laudato Si’ von Papst Franziskus.

Um das Video des Papstes auf YouTube anzusehen, klicken Sie auf das Bild!

Um das weltweite Gebetsnetzwerk des Papstes in Luxemburg zu unterstützen, klicken Sie hier!

Read more

Für das wechselseitige Zusammenleben

Beten wir, dass die Gesellschaften, in denen das Zusammenleben zunehmend schwerfällt, nicht der Versuchung der Konfrontation auf ethnischer, politischer, religiöser oder ideologischer Basis erliegen.

Um das Video des Papstes auf YouTube anzusehen, klicken Sie auf das Bild!

Jesus, Herr unserer Geschichte,
treuer Begleiter und lebendige Gegenwart,
Du, der Du nie müde wirst, zu uns zu kommen,
hier sind wir, wir brauchen Deinen Frieden.

Wir leben in Zeiten der Angst und der Spaltung.
Manchmal verhalten wir uns, als wären wir allein,
bauen Mauern, die uns voneinander trennen,
und vergessen, dass wir Brüder und Schwestern sind.

Sende uns Deinen Geist, Herr,
damit in uns wieder der Wunsch erwacht,
einander zu verstehen, einander zuzuhören,
mit Respekt und Mitgefühl zusammenzuleben.

Gib uns den Mut, Wege des Dialogs zu suchen,
auf Konflikte mit Gesten der Geschwisterlichkeit zu reagieren,
unsere Herzen anderen zu öffnen, ohne Angst vor Unterschieden zu haben.

Lass uns Brückenbauer sein,
die Grenzen und Ideologien überwinden können,
die andere mit den Augen des Herzens sehen können
und in jedem Menschen eine unantastbare Würde erkennen.

Hilf uns, Räume zu schaffen, in denen Hoffnung gedeihen kann,
in denen Vielfalt keine Bedrohung ist
sondern ein Reichtum, der uns menschlicher macht.

Amen

 

Um das weltweite Gebetsnetzwerk des Papstes in Luxemburg zu unterstützen, klicken Sie hier!

Read more

Saxum Lëtzebuerg bleift ganz aktiv

Am Laf vum éischte Semester 2025 goufen dës Aktivitéiten am Kader vum Bildungsprojet “Saxum Lëtzebuerg” organiséiert:

– 18 Recollectio an der Krypta vun der Kathedral, um Lampertsbierg an zu Obeler,

– 35 Reunioune vun dogmatescher Formatioun um Lampertsbierg an an der Krypta vun der Kathedral,

– 5 Studiesëtzungen iwwer de Katechismus vun der kathoulescher Kierch um Lampertsbierg,

– 6 Liesung vun engem spirituelle Buch op Englesch um Kierchbierg,

– 13 Reunioune mat dogmatescher Formatioun,

– 1 Formatiounszyklus (7 Sëtzungen) iwwer d’integraalt Finanzwiesen an der Stad Lëtzebuerg,

– 2 Konferenze mat Mëttegiessen (iwwer de Projet vun der Valorisatioun vun der Basilika Saint-Clément zum Roum an iwwer Reliounsfräiheet).

Wärend dem éischte Semestre 2025 konnt de Projet mat Donen an Héicht vu 4.874,50.- Euro ënnerstëtzt ginn; d’Käschten, déi direkt mat de Formatiounsaktivitéiten zesummenhänken, belafe sech fir déi selwecht Period op 4.600.- Euro.

 

Fir de Projet Saxum Lëtzebzerg ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

1.378.202,80.- Euro un d’Projeten iwwerwisen

A senger Sëtzung vum 2. Juli 2025 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine d’Konte vum leschte Joer definitiv approuvéiert, dëst nodeems se vum Réviseur d’entreprise kontrolléiert goufen. Fir 2024 konnten 1.464.882,45.- Euro un zweckgebonnene Spenden, fräien Donen an un Ierfschafte verbucht ginn, däitlech méi wéi 2023. Am selwechten Exercice huet d’Fondatioun déi verschidde Projete an de Beräicher vun der Pastoral, der Diakonie, der Formatioun a vum Patrimoine mat 1.378.202,80.- Euro ënnerstëtzt. Déi intern Verwaltungskäschte louche bei 37.610 Euro. Ënnert dem Stréch bleift fir 2024 e positiivt Resultat vu 34.349,05 Euro.

De Verwaltungsrot an d’Ekipp vun der Fondatioun soen allen Donatricen an Donateuren en häerzleche Merci fir all Ënnerstëtzung wärend dem Joer 2024!

De ganze Finanzrapport fannt Dir hei: Fondation Sainte-Irmine – Comptes annuels 31.12.2024.

Read more

Eng Bibel schenken

Eng vun den Missioune vun der Prisongsaumônerie zu Schraasseg an um Uerschterhaff ass et, de Prisonnéier, déi dat wëllen, d’Helleg Schrëft zur Verfügung ze stellen. Fir hir Sich no Glawen a Spiritualitéit ass d’Bibel fundamental. Hei fanne si och Trouscht an eng Hëllef, hirt Liewen nei op Gott an d’Mënschen auszeriichten.

Reegelméisseg offréiert d’Prisongsaumônerie Bibelen a verschiddene Sproochen. Scho mat 25 Euro kënnt Dir engem Prisonnéier eng Bibel schenken.

Wann Dir hinnen iwwer dëse Wee hëllefe wëllt, da klickt hei! Merci fir all Geste!

Read more

Lasst uns mit dem Papst beten

Lasst uns mit dem Papst für die Bildung in Unterscheidung beten

Das Gebetsanliegen von Papst Leo XIV. für Juli 2025 betont, wie wichtig es ist, in einer immer komplexer werdenden Welt die Fähigkeit zu entwickeln, kluge und vom Heiligen Geist geleitete Entscheidungen zu treffen.

Die Ausbildung in der Kunst der Unterscheidung ist ganz wichtig. Dazu gehören Gebet, persönliche Reflexion, das Studium der Heiligen Schrift und geistliche Begleitung.

„Beten wir, dass wir lernen immer mehr zu unterscheiden, die Lebenswege zu wählen wissen und all das abzulehnen, was uns von Christus und dem Evangelium wegführt.“ (Leo XIV.)

Um das Video des Papstes auf YouTube anzusehen, klicken Sie auf das Bild!

Um das weltweite Gebetsnetzwerk des Papstes in Luxemburg zu unterstützen, klicken Sie hier!

Read more

D’LSRS ass Member vun der FIUC

Am Mäerz 2025 ass d’LSRS affiliéierte Member vun der internationaler Federatioun vun de kathouleschen Héichschoulen (Fédération internationale des universités catholiques) ginn, e Reseau vun Universitéiten op de fënnef Kontinenter.

D’LSRS bréngt hei hir Forschung am Fächer iwwergräifenden a multikonfessionelle Beräich mat an grad wéi hir geografesch Situatioun an direkt Noperschaft zu den europäeschen Institutiounen.

Fir d’Aktivitéite vun der LSRS am Beräich vun der Bildung a vun der Forschung ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Vill Weeër fir ze hëllefen

Cents2022Zanter méi wéi 10 Joer scho proposéieren d’Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará an d’Priister vum Institut du Verbe Incarné am spirituellen Zenter vum Cents eng ganz Rëscht pastoral Aktivitéite fir Kanner, Jonker a Familljen: Massen, Beicht, Adoratioun, spirituel Begleedung, Preparatioun op d’Sakramenter, spirituell Exercicen, Fräizäitaktivitéiten… All Informatiounen zu dësem eenzegaartege Gebietsuert fannt Dir op https://www.centrespirituel.org/ .

De spirituellen Zenter lieft virun allem vun deem, wat d’Benevoller de reliéise Gemeinschaften offréieren, un Zäit, un Talenter, u materieller a finanzieller Hëllef. Et gëtt vill Méiglechkeeten, dësen Zenter um Cents ze ënnerstëtzen. Dir fannt se op dëser Säit: https://www.centrespirituel.org/nous-aider
Fir déi lafend Käschte vum Klouschtergebai ze decken, kënnt Dir en Don via d’Fondatioun Sainte-Irmine maachen. Klickt hei! Merci fir all Hëllef!

Read more