Blog

Dialog op der LSRS: Jonker a Wäerter zu Lëtzebuerg

D’LSRS invitéiert dëse Freideg, de 25. November, um 18.00 Auer op d’Projektioun vun engem Kuerzfilm mat uschléissendem Gespréich, mat ënnert anerem dem Kardinol Jean-Claude Hollerich.

Fir méi Informatiounen a fir Iech anzeschreiwen, klickt hei!

Fir d’Formatiouns- a Fuerschungsaktivitéite vun der LSRS ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Ekologescht Mëttegiessen an der Maison Iñigo

All drëtte Sonndeg am Mount ass en ekologescht Mëttegiessen an der Maison Iñigo. Dat nächst Mëttegiessen ass dëse Sonndeg, den 20. November, no der Mass vun 10.30 Auer.

D’Iessen ass op fir jiddereen a besonnesch fir déi Jonk (vu 14 bis 17 Joer), déi sech am Sall Saint Ignace afannen (Maison Iñigo).

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Esch 2022 – Ännerunge vun de Plazen

OPGEPASST: WICHTEG Ännerungen
Aus technesche Grënn wäerten dës Evenementer am Kader vum “Projet Esch 2022 – zesummen och wa verschidden”, op anere Plaze stattfannen:

An der Kierch Saint- Joseph
rue de l’Eglise zu Esch-Uelzecht
• Freideg, 18. November, um 20:00 Auer
RECITAL Tingshuo Yang
• Samschdeg, 19. November, um 20:00 Auer
MIX Organ & Piano vum Sabine Weyer / Jean-Luc Thellin
• Sonndeg, 20. November, um 20:00 Auer
CONCERT Random Trio
• Samschdeg, 17. Dezember, um 20:00 Auer
The Sound of Christmas by Voices International
• Sonndeg, 18. Dezember, um 18:30 Auer
“On the way to Christmas” Ofschlossconcert vum Projet

Am Ariston – Kulturzentrum
rue Pierre Claude zu Esch-Alzette
• Mëttwoch, 7. Dezember, um 19.30 Auer
Ronndëschgespréich: Europa am Joer 2022: Katastroph(en), Erausfuerderung(en) oder Hoffnung
Mam Kardinol Jean-Claude Hollerich,
Jean-Claude Juncker a Gilles Reckinger

Fir dëse Projet ze fannen an en ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Weltmissounssonndeg 2022

Et sin nämlech 200 Joer, dass d’Pauline Marie Jaricot d’Wierk vun der Glawensverbreedung an d’Liewen geruff huet. Domat huet si d’Missionaren an der Welt ënnerstëtzt engersäits op finanziellen Plang, op der anerer Säit awer och duerch d’Gebied.

Da sinn et awer och 100 Joer, dass d’Wierk vun der Glawensverbreedung als peepstlecht Wierk unerkannt gouf.

Fir MISSIO Lëtzebuerg ze ënnerstetzen, klickt hei !

Read more

Dag vun den oppene Dieren am Haus Iñigo

De Comité vun der Maison Iñigo hat op en Dag vun den oppenen Dieren invitéiert.
D’Visiteure konnte sech e Bild maache vun der Vilfalt vun den Aktivitéiten, déi dësen Uert am Alldag liewen dinn. Op dës Mannéier kënnen och nei Brécken tëscht den Aktivitéiten an den Akteure gebaut ginn. E schéint Beispill vu Synergie.
Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!
Read more

De Summer 2022 mat Karibuni

De Summer 2022 mat Karibuni:

Eng Woch laang waren 12 jonk Flüchtlinge mam Vëlo ënnerwee. Si goufe begleet vu 4 Fräiwëllegen, déi net vill méi al ware wéi si, an um ganze Circuit vu Benevolen ënnerstëtzt. De Schwéierpunkt war dëst Joer d’Begéinung mat der lokaler Bevëlkerung. Wéinst der grousser Hëtzt huet de Grupp op ville Plazen bei de Leit un d’Dier geklappt, fir hir Waasserfläschen opzefëllen. Zwou jonk eritreeësch Frae ware mat derbäi a ware begeeschtert, fir um Enn kënnen ze erzielen, wéi vill déi Jonk hire méi luesen Tempo respektéiert an op all Kräizung op si gewaart hunn.

8 Jonker kruten Ënnerstëtzung bei der Umeldung fir an de Lycée. Ouni dës Hëllef hätte si hier Schoul missen opginn. Well 6 vun deenen 8 Jonker ënnert de Vëlofuerer waren, huet d’Aline vill Trajete misse maache, fir si an hir Vëloen ze transportéieren. Donieft huet si all hir Diplomatie mat de Schoule missen notzen, fir deene jonke Leit eng Chance ze ginn, déi net ëmmer déi néideg Critèren erfëllen.

 

Déi 10 Deeg Summerakademie fir 18 onbegleete Mannerjäreger, vun deenen déi meescht hir éischt Schrëtt gemaach hunn, fir Franséisch ze léieren. De Logement a klenge Chaleten an der Jugendherberg an der Fiels war ideal; allerdéngs waren déi Jonk nach net un déi lëtzebuergesch kulinaresch Gewunnechte gewinnt, wat op béide Säite heiansdo fir Frustratioun gesuergt huet. 4 Enseignanten (3 Fräiwëlleger an e bezuelte Student) hu sech moies d’Coursen opgedeelt. Si kruten dobäi vun 2 Mediateure gehollef. Ee Freiwellegen an ee Student ware mëttes an owes fir d’Animatioun zoustänneg. D’Ekipp huet misse feststellen, datt Wanderungen zu Fouss bei jonke Leit, déi dausende vu Kilometer gemaach hunn, fir bis op Lëtzebuerg ze kommen, net immens gutt ukomm sinn. Véier vun den 18 Schüler ware sou begeeschtert, fir weider Franséisch ze léieren, datt si all Dag bis de 15. September bei den Hesham – de syresche Schoulmeeschter, dee mat engem Kontrakt “d’utilité communautaire” am JRS schafft – gaange sinn.

Karibuni Summer 2022

An dann d’Ënnerstëtzung fir Summerjobs fir 13 Jonker. Dëst Joer haten 5 Gemengen hir Dieren opgemaach (Lëtzebuerg, Péiteng, Suessem, Keel a Waasserbëlleg); vill Privatbetriber hu gezéckt, e jonke Flüchtling ënnert engem Studentekontrakt ze beschäftegen; waren et Sproochebarrièren oder den aktuelle schlechte Wirtschaftsklima? Dësen Deel vun der Aarbecht gëtt op alle Fall d’ganzt Joer weider gefouert, well mat engersäits enger Asylprozedur, déi méi laang gëtt a wärend där de Jugendlechen nëmme 25€ pro Mount Täschegeld kritt, an op där anerer Säit eng Famill am Heemechtsland, déi op Hëllef waart, d’Leed vun de jonke Leit ass grouss.

 

6 Samschdeg Nomëtteger si Fräizäitaktivitéiten ugebuede ginn, fir déi, déi am Land hu musse bleiwen. Ronn fofzéng jonk Leit waren all Kéier present an dankbar.

 

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Save the date – Esch 2022

Mir hoffen, Dir hat eng gutt Rentrée. Mir proposéieren, Iech elo schonn d’Datumer vun de Konferenzen, Concerten an Evenementer ze notéieren, déi am Kader vun Esch 2022 vun de verschiddene Culten organiséiert ginn. Dir fannt all Informatiounen an dëser Broschür.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Finanzement vun den Theologiecoursë fir d’Seminaristen

D’Fondatioun Sainte-Irmine huet d’Freed, Iech matzedeelen, datt si – nodeem si an de vergaangene Joren d’Sproochecoursën (Lëtzebuergesch a Franséisch) bezuelt huet – elo d’Coursë finanzéiere konnt, déi déi auswäerteg Professeren de Seminaristen am Kader vun hirer kanounescher Formatioun a Philosophie an Theologie fir d’akademescht Joer 2021/2022 ginn hunn, dëst dank Ären Donen. Villmools Merci!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Seminaristen-Etüd
Read more

Ekologescht Mëttegiessen an der Maison Iñigo

All drëtte Sonndeg am Mount ass en ekologescht Mëttegiessen an der Maison Iñigo. Dat nächst Mëttegiessen ass dëse Sonndeg, den 18. September, no der Mass vun 10.30 Auer.

D’Iessen ass op fir jiddereen a besonnesch fir déi Jonk (vu 14 bis 17 Joer), déi sech am Sall Saint Ignace afannen (Maison Iñigo).

Fir de Menü bréngen déi Erwuessen e vegetareschen, saisonale Plat mat Geméis oder Uebst mat, dat am beschte Fall lokal produzéiert gouf.

 

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

202209 ekologescht Mëttegiessen
Read more

JMJ-Party dëse Samschdeg!

Dëse Samschdeg, de 17. September, vu 15.00 bis 19.00 Auer invitéiert LuxYouth déi Jonk, déi un de Weltjugenddeeg deelhuele wëllen, op eng Versammlung mat uschléissendem Iessen.

De World Youth Day (WYD) ass en Treffe vu jonke Leit aus der ganzer Welt mam Poopst. Et ass och eng Wallfaart, eng Feier vun de Jonken, en Ausdrock vun der universeller Kierch an e wichtege Moment vun Evangeliséierung an der Welt vun de Jugendlechen. D’Weltjugenddeeg wëllen alle Participanten eng Erfarung vun der universeller Kierch bidden, fir esou eng perséinlech Begéinung mat Jesus Christus ze fërderen.

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more