Blog

Valorisatioun vun der Krypta

Am Kader vum Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” gouf dat aalt schéint Eisegitter ronderëm d’Altorinsel an der Krypta vun der Kathedral vum Atelier de ferronnerie Besenius restauréiert an Enn 2025 nei installéiert. Entdeckt et bei Ärem nächste Besuch an der Kathedral!

Mir soen allen Donatricen an Donateure villmools Merci, déi sech bis elo un dësem Projet bedeelegt hunn. 2025 goufen am ganzen 9.335 Euro fir dësen Zweck gespennt. D’Restauratioun an d’Installatioun vum Eisegitter huet am ganzen 35.237,82 Euro kascht. Et ass virgesinn, nach en neie Teppech fir d’Altorinsel ze kafen.

Wann och Iech d’Opwäertung vun der Kathedral vu Lëtzebuerg mat hirer Krypta e wichtegt Uleies ass, dann ënnerstëtzt dëse Projet mat Ärem Don. Merci am Viraus.

Read more

De Fonds d’avenir ënnerstëtzt de Bistum

Ufank Mäerz 2025 hat d’Fondatioun 133.811 Euro un de Bistum iwwerwisen, fir sech esou un de Käschte vun de Paie fir jonk Priister a Laien am kierchlechen Déngscht ze bedeelegen. Ufank Februar 2026 konnt d’Fondatioun op en Neits de Bistum ënnerstëtzen, dës Kéier mat 166.186 Euro fir den Exercice 2025.

Zanter senger Grënnung virun 11 Joer konnt de Fonds d’avenir e Kapital vu bal 4 Milliounen Euro opbauen. Fir 2025 hunn d’Placementer vun dësem Kapital 166.186 Euro un Zënse generéiert.

Mir si frou an houfreg als Fondatioun Sainte-Irmine, datt de Fonds d’avenir nees Friichten dréit! Mat Ärem Don hëlleft Dir net nëmmen eng Kéier, mee ëmmer erëm.

Merci allen Donatricen an Donateure fir hir Ënnerstëtzung an hir Trei!

Och Dir kënnt de Fong ënnerstëtze mat engem Don, engem Ordre permanent, enger Schenkung oder engem Testament.

Wann Dir Iech um Fonds d’avenir bedeelegen an esou d’Akteure vun der Pastoral vun der Kierch ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

Read more

D’Fondatioun ënnerstëtzt Obra de Maria

Zanter kuerzem ass mat Obra de Maria eng nei Gemeinschaft zu Lëtzebuerg, déi sech besonnesch ëm déi portugisesch Communautéiten am Land wäert këmmeren. Aktuell zielt d’Gemeinschaft zwee Priister an zwee Laien. Fir hinne beim Start vun hirer pastoraler Aarbecht zu Lëtzebuerg ze hëllefen, huet de Verwaltungsrot decidéiert, si mat 40.000 Euro ze ënnerstëtzen. Dëse Montant gëtt finanzéiert duerch Donen ouni besonnesche Verwendungszweck, déi d’Fondatioun Sainte-Irmine am Laf vum Joer 2025 krut huet.

E grousse Merci allen Donatricen an Donateuren vun der Fondatioun, déi heizou bäigedroen hunn!

Read more

D’Land am Schiet

De 17. Dezember 2025 ass d’LSRS Matorganisateur vun der Filmvirféierung “D’Land am Schiet” vum Realisateur Lukas Grevis.

No der Projektioun ass e Ronndëschgespréich mam Realisateur, mam Karin Weyer vu respect.lu, mam Laura Zuccoli a mam Jean Ehret, Direkter vun der LSRS.

De Film gëtt um 18.30 Auer am Auditorium Cité an der Stad gewisen.

Fir Iech anzeschreiwen, gitt op d’Säit vun der LSRS.

Fir de Projet LSRS ze entdecken, klickt hei.

Read more

Tëleesmass zu Miersch

Un der Tëleesmass vum 7. Dezember, zweeten Adventssonndeg, aus der schéiner Kierch vu Miersch hu verschidde Projetsresponsabel vun der Fondatioun Sainte-Irmine a Membere vu Kierchefabricken deel geholl. Zesummen hu mir fir d’Missioun vun hire Projeten gebiet, Merci gesot fir d’Aktivitéiten am Laf vum Joer 2025 an un all lieweg a verstueren Donatricen an Donateure vun der Stëftung geduecht.

D’Mass gouf gehale vum Här Paschtouer Félix Steichen a vum Här Chanoine Georges Hellinghausen.

D’Fondatioun seet de Projetsresponsablen an de Membere vun de Kierchefabricken en häerzleche Merci fir hir Presenz, dem Här Steichen fir den Accueil an der Chorale réunie vun der Por Miersch fir d’musikalesch Gestaltung vun der Feier.

Wann Dir d’Mass am Replay erliewe wëllt, da klickt hei.

Read more

D’Tëleesmass vu Miersch

Déi lescht zwee Joer huet d’Ekipp vun der Fondatioun Sainte-Irmine eng Tëleesmass animéiert, an där am Gebiet besonnesch un all lieweg a verstuerwen Donatricen an Donateure vun der Tëleesmass geduecht gouf. Och dëst Joer invitéiere mir Iech nees, d’Mass vum 2. Adventssonndeg, de 7. Dezember 2025, mat eis ze feieren. Si gëtt dës Kéier aus der Porkierch vu Miersch iwwerdroen. Zanter Joren ënnerstëtzt d’Por Miersch Saint-François bei verschidde Geleeënheeten eis Projeten.

An der Tëleesmass wëlle mir awer och allen Donatricen an Donateure vun der Tëleesmass en häerzleche Merci soe fir all Ënnerstëtzung. D’Mass gëtt gehale vum Paschtouer Félix Steichen a vum Chanoine Georges Hellinghausen. Sidd mat derbäi an der Kierch zu Miersch oder feiert mat eis via d’Medien: live um 9 Auer op ApartTV an iwwer de Live-Stream vu www.cathol.lu oder um 11 Auer op RTL ZWEE.

Wann Dir d’Tëleesmass ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.

De musikalesche Programm vun der Mass

Entrée:           Uergel

Ufank:            O Heiland, reiss die Himmel auf (LD 373)           Fr. Spee

Kyrie:             Missa pro Europa                                                    J. Berthier

Tëschegesank: Freuet Euch im Herrn                                          Taizé

Opferung:      Laisserons-nous à notre table (LD 236)               M.: Akepsimas /

T.: Scouarnec

Sanctus:         Missa Pro Europa                                                    J. Berthier

Anamnèse:    Jesus, Christus (LD 270)                                        M.: N. Colombier /

T.: L. Kirsch

Agnus:            Missa Pro Europa                                                    J. Berthier

Kommioun:    Lidd vum Brudder                                                   T.: Ferdy Fischer

Schluss:          Peuples qui marchez (LD 380)                              Akepsimas / Scouarnec

Sortie:            Uergel

Et séngt d’”Chorale réunie” vun der Por Miersch Saint-François, dat si Sängerinnen a Sänger vun de Choralle Miersch, Rolleng, Miesdref, Angelsbierg/Fëschbech, Lëntgen a Lorentzweiler.

Dirigent: Nicolas Leydenbach

Organist: Carlo Philippe

Read more

Fratello 2025 zu Roum

Une Église au service des pauvres !

Fratello, réseau international au service de l’Église, organise des rencontres avec les personnes les plus démunies vivant dans la rue. Dans le cadre de l’Année Sainte 2025, une rencontre a lieu à Rome du 13 au 17 novembre. Une importante délégation de sans-abri luxembourgeois et leurs accompagnants, soit une quarantaine de personnes, y participe cette année. Comme toutes les activités de l’Année Sainte, cette rencontre avec le pape Léon XIV est placée sous le thème « Pèlerins d’espérance ».

Ce pèlerinage exceptionnel est financé par les dons du « Cadeau du Pape». Merci à tous ceux qui ont contribué à ce que nos frères et sœurs vivant dans la rue dans une grande pauvreté puissent vivre cette expérience unique et trouver une nouvelle espérance dans leur parcours de vie difficile !

Pour en savoir plus sur Fratello, cliquez ici !

Read more

All Projeten op ee Bléck

Viru kuerzem huet d’Fondatioun Sainte-Irmine hiren neien Depliant fir 2025-2026 publizéiert. Op ee Bléck kënnt Dir hei déi aktuell 20 Projeten, déi d’Fondatioun ënnerstëtzt, entdecken. Donieft fannt Dir hei Informatiounen zum Fonds d’avenir an iwwer d’Recettë pro Kategorie vu Projeten am Joer 2024.

Dir kënnt de Flyer an der Print-Versioun bei eis bestellen: info@irmine.lu , Tel. 462023 (gitt wgl. nieft Ärer Adress d’Zuel vu Flyer un, déi Dir wëllt) oder hei als PDF eroflueden: klickt hei.

Merci fir Ären Interessi a fir all Ënnerstëtzung!

Read more

Lasst uns mit dem Papst beten

Beten wir, dass selbstmordgefährdete Personen in ihrer Gemeinschaft die nötige Unterstützung, Hilfeleistung und Liebe finden und offen werden für die Schönheit des Lebens.

Klicken Sie auf das Bild um das Video des Papstes anzuschauen:

Read more

D’ACFL geet mat

De 4. Oktober war an der Gemeng Hesper eng Marche géint de Broschtkriibs.

Trotz dem Reen war d’ACFL um Rendez-vous an huet mat 20 Participanten un der Aktioun deel geholl, fir esou d’Leit fir dës Krankheet ze sensibiliséieren.

Fir d’Fraen a Mammen ze ënnerstëtzen, klickt hei.

© ACFL
Read more