Blog

besonnesch Mass

Den 13. Mee, de Joresdag vun der éischter Erscheinung vun der Muttergottes vu Fátima, war eng besonnesch Mass fir déi portugisesch sproocheg Gefaangener am Prisong zu Schraasseg.

Vill vun hinne fannen am Gebiet zur Muttergottes vu Fátima Trouscht, Vertrauen an Hoffnung. Dës Feier, déi ganz op portugisesch war, war en immens wichtege Moment fir d’Participanten, déi hei eppes vun hire Wuerzelen an hirem Glawen erëmfanne konnten an déi e mënschleche Lien gespuert hunn an engem Kontext, deen dacks vun Isolatioun gepräägt ass.

D’Mass ass presidéiert gi vum Mgr Américo Cardinal Alves Aguiar, Bëschof vu Setúbal; mat derbäi waren och de Père Danilo, de Père Marco an den Djalma, Seminarist vun eiser Äerzdiözees. D’Feier, déi musikalesch ganz einfach begleet gouf, war vun enger waarmer a bridderlecher Atmosphär marquéiert. Déi méi wéi 20 Prisonéier hu besonnesch d’Proximitéit, den Humor an de Message vun Hoffnung wärend dëser Begéinung mam Mgr Américo geschat.

Mir soen de Schwëstere vun der Kongregatioun vun de Servantes de Notre-Dame de Fátima, besonnesch der Schwëster Regina, an alle Leit, déi bereet ware mat ze sangen an ze feieren villmools Merci. Duerch hirt Engagement gouf dëse Moment en Zeeche vu Proximitéit, Dignitéit an Hoffnung fir d’Prisonéier.

Fir méi doriwwer ze wëssen, klickt hei!

Fir de Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!