NEIE PROJET : Bourse universitaire Harambee

NEIE PROJET : Bourse universitaire Harambee

D’Associatioun Harambee Luxembourg ASBL (www.harambee-luxembourg.org) ass 2019 gegrënnt ginn an huet als Zil, Initiativen an de Beräicher vun der Formatioun, der Schoulbildung an der Entwécklung duerch lokal Entitéiten um afrikanesche Kontinent, besonnesch a Subsahara-Regiounen, ze ënnerstëtzen. Am Mëttelpunkt vun den Aktioune vum Veräin stinn de Mënsch an d’Solidaritéit.

Zanter méi Joren accordéiert Harambee Luxembourg Bourse fir Studentinnen a Studenten op Héichschoulniveau an der Demokratescher Republik Kongo a vun der Elfenbeinküst. D’Schoul mécht eng éischt Selektioun vun de Beneficiairen an ënnerbreet dono hir Dossieren dem Verwaltungsrot vun der Associatioun. E System vu Suivi gouf agefouert; dëse setzt d’Modalitéite fest, wéi d’Associatioun Informatioune vun der Plaz kritt (Motivatiounsbréiwer, bestanen Examen, Projete vun der berufflecher Entwécklung, asw.).

An dësem Geescht gesäit Harambee Luxembourg vir, an Zukunft och eng Bourse un e Geeschtlechen vum Cap Vert ze accordéieren: e Priister, deen eng pastoral Erfarung vun 2-3 Joer huet an dee spéiderhin eng Leedungsfunktioun a sengem Heemechtsland soll hunn, kéint seng Formatioun zu Lëtzebuerg fortsetzen a Forschungs- resp. Studienaarbecht an enger Héichschoulinstitutioun oder an engem Forschungszenter hei am Land maachen (Luxembourg School of Religion & Society, Centre Jean XXIII, Uni Lëtzebuerg asw.).

MENTIOUN VUM DON : BOURSE UNIVERSITAIRE HARAMBEE

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

KONTAKT

Alain Verkaeren

Montant à collecter:

30.000 €

Bourse universitaire Harambee

0€ of 30.000€ raised
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 100,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen