D’peepstlech Missiounswierker sinn a Frankräich am 19. Jorhonnert entstanen. Hir Aufgab ass et, d’Participation vun alle Gleewegen um apostolesche Liewe vun der kathoulescher Kierch ze favoriéiseren. D’gemeinsaamt Haaptzil vun de Missiounswierker ass et den universelle missionnaresche Geescht am Vollék Gottes ze fërderen.
Op Base vun engem Plang fir d’Kollekt, dee sech déi séileg Pauline Jaricot 1819 ausgeduecht huet, ass d’peepstlech Wierk fir d’Glawensverbreedung 1822 zu Lyon gegrënnt ginn. D’Kannermissiounswierk gouf 1843 vum Charles de Forbin Janson zu Paräis an d’Liewe geruff: dëst ass eng missionaresch Beweegung vu chrëschtleche Kanner, déi den aarme Kanner an de Missiounslänner hëllefe wëllen. D’Kandheet retten duerch d’Kandheet.
LIBELLÉ DU DON : MISSIO ENFANCE MISSIONNAIRE
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
Tous les dons versés à la Fondation Sainte-Irmine sont déductibles de l’impôt luxembourgeois sur le revenu dans les limites de la loi applicable

Montant à collecter:
20.000 €
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen