An der Suite vun der Rees an de Kambodja an an Thailand huet den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, en neie Projet fir eng Rees mat Jonker fir de Summer 2026 lancéiert. Dës Kéier geet et an de Kambodja an an de Vietnam.
Zil vun dëser Rees ass et, engem Grupp vun 30 bis 40 Jonker, zesumme mat hire Begleeder, ze erméiglechen, d’Realitéit vun de chrëschtleche Gemeinschaften an deenen zwee Länner a Südostasien ze entdecken.
Éischt Etapp: de Kambodja
Den Openthalt fänkt u mat enger Découverte vum Kambodja, e Land dat marquéiert gouf vun enger tragescher Krichsgeschicht, mee dat sech lues a lues vu senge Verletzungen erhëlt. Déi Jonk wäerten d’Geleeënheet hunn, chrëschtleche Gemeinschaften ze begéinen, déi a Projete vum humanitären a sozialen Neesopbau engagéiert sinn.
Prek Toal – Por Saint-Joseph
Prek Toal ass en Duerf um Waasser, ganz um nordëstleche Bord vun der Provënz vu Battambang geleeën. Am Februar 2006 huet d’Por vu Siem Reap eng lokal Gemeinschaft entdeckt, déi “de Grupp vu Chrëschtdag” genannt gëtt, gegrënnt vun enger Fra, déi 1972 zu Phnom Penh gedeeft gouf. Hirt einfacht, glécklecht a gleewegt Liewen zitt vill Leit aus dem Duerf un. Op eng autonom Mannéier biede si no der kathoulescher Traditioun a feieren d’Gebuert vum Jesus.
Eng Kierch um Waasser an e Formatiounszentrum goufe gebaut an den 12. November 2006 geseent. Haut ginn hei verschidden Aktivitéiten ugebueden: Katechees, Liturgie, Verdeele vun der Räiszopp, Wäerteunterrecht fir Kanner, Alphabetiséierungscoursen op Kmer an Englesch wéi och Gemeinschaftsformatiounen. Medezinesch Missioune ginn och organiséiert, wann Dokteren disponibel sinn. E Grupp vu Jonken, Buddhisten a Katholiken, huet sech viru kuerzem forméiert, fir den Erhalt vun der Schëpfung ze fërderen.
Den Asaz vum Mgr Enrique Figaredo (“Kike”)
De Mgr Kike Figaredo, e Jesuitt gebierteg aus Asturien, widmet säi Liewe säit bal 35 Joer deenen Äermsten. Säin Engagement huet 1985 an de FlüchtlingsIager un der Grenz tëscht Thailand a Kambodja, wou hie sech ëm behënnert Leit gekëmmert huet, ugefaangen.
1991 huet hie Banteay Prieb (“Haus vun der Dauf”) bei Phnom Penh gegrënnt, e professionelle Formatiounszentrum fir behënnert Matmënschen. Méi wéi 200 Studente ginn hei ausgebilt, an de bekannte Rollstull “Mekong” gëtt hei gebaut – méi wéi 1.400 Exemplaire sinn am ganze Land verdeelt ginn.
2000 zum apostolesche Präfekt vu Battambang genannt, ass hien och President vu Caritas Kambodja. Ënnert senger Leedung huet d’Präfektur eng sëllege sozial an humanitär Projeten an de Beräicher vun der Bildung, der Gesondheet, der Landwirtschaft, der Ëmwelt an der ekonomescher Entwécklung an d’Liewe geruff an esou ronn 80.000 Leit gehollef.
Zweet Etapp: de Vietnam
Den zweeten Deel vun der Rees ass méi kuerz a féiert de Grupp an de Vietnam, an d’Diözees Phan Thiết, Heemechtsdiözees vun zwee Seminaristen, déi am Moment am Grand Séminaire zu Lëtzebuerg studéieren. Déi Jonk entdecken hei d’Liewe vun de lokale Chrëschtegemeinschaften, déi besonnesch dynamesch a räich u Vocatioune fir Priister an Uerdensleit sinn.

D’Ziler vun der Rees
Wärend dem ganzen Openthalt hunn déi Jonk d’Geleeënheet:
- Nei Kulturen an Traditiounen ze entdecken.
- Den Alldag an de Glawe mat anere Leit vum Grupp a mat de lokale Gemeinschaften ze deelen.
- Déif Begéinunge mat jonke Kambodjaner a Vietnameesen ze erliewen.
- Hiren eegene Liewensparcours mat Bléck op déi gemeinsam erlieften Erfarungen ze reflektéieren.
Virbereedung op d’Rees
Virbereedungsaktivitéite sinn integrale Bestanddeel vum Projet. Déi Jonk huelen u Formatiounsdeeg an un Aktivitéiten, fir d’Rees zesummen ze finanzéieren (Fundraising), deel.
LIBELLÉ DU DON : CAMBODGE-VIETNAM 2026
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
Tous les dons versés à la Fondation Sainte-Irmine sont déductibles de l’impôt luxembourgeois sur le revenu dans les limites de la loi applicable

CONTACT
Montant à collecter:
50.000 €
Cambodge Vietnam 2026
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.











