Blog

De Summer 2022 mat Karibuni

De Summer 2022 mat Karibuni:

Eng Woch laang waren 12 jonk Flüchtlinge mam Vëlo ënnerwee. Si goufe begleet vu 4 Fräiwëllegen, déi net vill méi al ware wéi si, an um ganze Circuit vu Benevolen ënnerstëtzt. De Schwéierpunkt war dëst Joer d’Begéinung mat der lokaler Bevëlkerung. Wéinst der grousser Hëtzt huet de Grupp op ville Plazen bei de Leit un d’Dier geklappt, fir hir Waasserfläschen opzefëllen. Zwou jonk eritreeësch Frae ware mat derbäi a ware begeeschtert, fir um Enn kënnen ze erzielen, wéi vill déi Jonk hire méi luesen Tempo respektéiert an op all Kräizung op si gewaart hunn.

8 Jonker kruten Ënnerstëtzung bei der Umeldung fir an de Lycée. Ouni dës Hëllef hätte si hier Schoul missen opginn. Well 6 vun deenen 8 Jonker ënnert de Vëlofuerer waren, huet d’Aline vill Trajete misse maache, fir si an hir Vëloen ze transportéieren. Donieft huet si all hir Diplomatie mat de Schoule missen notzen, fir deene jonke Leit eng Chance ze ginn, déi net ëmmer déi néideg Critèren erfëllen.

 

Déi 10 Deeg Summerakademie fir 18 onbegleete Mannerjäreger, vun deenen déi meescht hir éischt Schrëtt gemaach hunn, fir Franséisch ze léieren. De Logement a klenge Chaleten an der Jugendherberg an der Fiels war ideal; allerdéngs waren déi Jonk nach net un déi lëtzebuergesch kulinaresch Gewunnechte gewinnt, wat op béide Säite heiansdo fir Frustratioun gesuergt huet. 4 Enseignanten (3 Fräiwëlleger an e bezuelte Student) hu sech moies d’Coursen opgedeelt. Si kruten dobäi vun 2 Mediateure gehollef. Ee Freiwellegen an ee Student ware mëttes an owes fir d’Animatioun zoustänneg. D’Ekipp huet misse feststellen, datt Wanderungen zu Fouss bei jonke Leit, déi dausende vu Kilometer gemaach hunn, fir bis op Lëtzebuerg ze kommen, net immens gutt ukomm sinn. Véier vun den 18 Schüler ware sou begeeschtert, fir weider Franséisch ze léieren, datt si all Dag bis de 15. September bei den Hesham – de syresche Schoulmeeschter, dee mat engem Kontrakt “d’utilité communautaire” am JRS schafft – gaange sinn.

Karibuni Summer 2022

An dann d’Ënnerstëtzung fir Summerjobs fir 13 Jonker. Dëst Joer haten 5 Gemengen hir Dieren opgemaach (Lëtzebuerg, Péiteng, Suessem, Keel a Waasserbëlleg); vill Privatbetriber hu gezéckt, e jonke Flüchtling ënnert engem Studentekontrakt ze beschäftegen; waren et Sproochebarrièren oder den aktuelle schlechte Wirtschaftsklima? Dësen Deel vun der Aarbecht gëtt op alle Fall d’ganzt Joer weider gefouert, well mat engersäits enger Asylprozedur, déi méi laang gëtt a wärend där de Jugendlechen nëmme 25€ pro Mount Täschegeld kritt, an op där anerer Säit eng Famill am Heemechtsland, déi op Hëllef waart, d’Leed vun de jonke Leit ass grouss.

 

6 Samschdeg Nomëtteger si Fräizäitaktivitéiten ugebuede ginn, fir déi, déi am Land hu musse bleiwen. Ronn fofzéng jonk Leit waren all Kéier present an dankbar.

 

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!