Blog

Aweiung vun der restauréierter symphonescher Uergel vun der Kathedral

No Aarbechten, déi zwee an en hallef Joer gedauert hunn, konnt e Samschdeg, de 26. November 2022, owes déi restauréiert “Haupt”-Uergel vun der Kathedral ageweit ginn. No der Aweiung duerch de Kardinol Jean-Claude Hollerich huet den Olivier Latry, Titularorganist vun Notre-Dame vu Paräis, a Presenz e.a. vum Grand-Duc Henri a villen Éiregäscht den éischte Concert op der neier symphonescher Uergel gespillt.

Den Här Jean Welter, President vun der Kierchefabrick vun der Kathedral, huet dem Kulturministère, der Stad Lëtzebuerg an allen Donateuren en häerzleche Merci fir hir Generositéit gesot, ënnert hinne ganz vill Leit, déi via d’Fondatioun Sainte-Irmine dëse grousse Projet ënnerstëtzt hunn! Am Numm vun der Stëftung wëllen och mir Iech e grousse Merci fir Ären Appui soen!

Kuckt hei d’Billergalerie vun der Aweiung a vum Concert

Dir kënnt dëse Projet weiderhinn ënnerstëtze mat Ärem Don

Olivier L.atry Orgue Luxembourg