Blog

Aktuelle Stand vun den Aarbechten an der Glacis-Kapell

D’Aarbechten an der Glacis-Kapell gi gutt virun. Hei e puer rezent Impressioune vum Chantier. Am Kader vun de Renovatiounsaarbechten an der Kapell gëtt ënnert anerem den Ustrach vum Interieur erneiert an eenzel al Wandmolereie gi fräigeluecht a restauréiert. Donieft gëtt och d’Beliichtung an der Kapell moderniséiert.

Dir kënnt dëse Projet weiderhi mat engem Don ënnerstëtzen!