Blog

E Kaddo vum Poopst

Wëll de Poopst Franziskus wärend der Begéinung an der Kathedral spontan säi Wonsch zum Ausdrock bruecht hat, datt d’Sue vu sengem “Kaddo” zu Lëtzebuerg bleiwe sollten an hei genotzt géifen zu Gonschte vu benodeelegte Leit a vun de Flüchtlingen, gouf aus dem “Kaddo fir de Poopst” mat Ärer Hëllef e “Kaddo vum Poopst”!

Nodeems Ufank 2025 eng éischt Tranche vun 100.000 Euro u fënnef Associatioune gaange war, ass elo de Rescht vun der Aktioun un dës sozial Wierker iwwerwise ginn:

Stëmm vun der Strooss asbl: 20.000.- Euro fir hir Aarbecht zu Gonschte vun den Obdachlosen;

Vie Naissante asbl: 20.000.- Euro fir schwanger Fraen a jonk Mammen an Nout materiell ze ënnerstëtzen;

Jesuit Refugee Service Lëtzebuerg asbl: 15.000.- Euro fir hir Flüchtlingsaarbecht;

Premier secours de l’Ordre de Malte Luxembourg asbl: 15.000.- Euro fir hir Aarbecht zu Gonschte vu Leit um Bord vun der Gesellschaft;

Projet “Diakonie” am Dekanat Süden-West: 13.922,40.- Euro fir den diakoneschen Engagement am Dekanat.

Am November 2025 hat d’Fondatioun doriwwer eraus mat den Done vum Kaddo vum Poopst d’Pilgerrees “Fratello” op Roum fir 40 Leit a prekäre Liewenssituatioune mat hire Begleeder finanzéiert.

Villmools Merci allen Donatricen an Donateuren, déi op dësem Wee dozou bäigedroen hunn, Mënschen a schwierege Liewenssituatiounen ze hëllefen a si esou ze stäerken!