
De Jesuit Refugee Service (JRS Lëtzebuerg) hat den 23. Abrëll seng Donatricen an Donateuren op eng Receptioun invitéiert, fir hinnen déi nei, méi grouss Räimlechkeeten an der avenue Gaston Diderich virzestellen. Wärend den Aarbechten um Gebai op 23, avenue Gaston Diderich ass d’Maison Iñigo mat all hiren Aktivitéiten (vu Sproochecourse fir Flüchtlingen bis Katechees fir Kanner a Jonker) fir zwee Joer op d’Nummer 54 (dem ale Gebai vum Kadaster) an der selwechter Strooss geplënnert.
Am Numm vum JRS huet den Här Bechara Ziade, President vun der Associatioun, d’Leit wëllkomm geheescht, ënnert hinnen och de Generalvikar Patrick Muller an d’Madamm Marie-Christine Ries vu “Reech eng Hand”, an hinne villmools Merci gesot fir all Ënnerstëtzung finanzieller Aart oder duerch e Benevolat, notamment bei de Sproochecoursen. Dono hunn d’Coordinatrice Patricia Jamar an d’Mataarbechter vum JRS hir Aktivitéite zu Gonschte vun de Mënschen, déi hir Heemecht hu misse verloossen, kuerz virgestallt. Ganz beandrockend waren och d’Temoignagë vun zwee jonken erwuessene Flüchtlingen, déi zanter Jore vum JRS encadréiert ginn a sech gutt zu Lëtzebuerg integréiert hunn. Uschléissend gouf en Tour duerch d’Haus gemaach.
Wann Dir d’Aarbecht vum JRS ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat mat engem Don fir de Projet “Ubuntu rebondit a solidaresch Sproochecoursen” maachen. Merci am Viraus.