Fir dat véiert Joer organiséiert d’Fondatioun Sainte-Irmine eng Tëleesmass, de 6. Dezember 2026, 2. Adventssonndeg. Mir wëllen nees all lieweg a verstuerwen Donateure vun der Fondatioun mat an eist Gebiet aschléissen an hinnen en häerzleche Merci soe fir all Ënnerstëtzung. D’Mass gëtt presidéiert vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, President vun eiser Fondatioun. Sidd mat derbäi an der Kapell vum Seminaire (Centre Jean XXIII, 52, rue Jules Wilhelm, L-2728 Luxembourg) oder feiert mat eis via d’Medien: live um 9 Auer op ApartTV an iwwer de Stream vu www.cathol.lu oder als Replay um 11 Auer op RTL ZWEE.
Hei drënner fannt Dir de Link op d’Lidderblat vun der Mass, déi vun de Seminariste vum Grand Séminaire a vum Séminaire Redemptoris Mater, dee vum Neokatechumenale Wee fir Lëtzebuerg gefouert gëtt, zesumme gestalt gëtt. Hinnen all vun dëser Plaz aus e grousse Merci fir hiren Engagement!
Wann Dir d’Tëleesmass ënnerstetzen wëllt, da klickt hei
Wann Dir d’Formatioun vun de Priister vu muer matdroe wëllt, da klickt hei
E grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung!
Seminaire Lëtzebuerg Tëleesmass Lidderblat



