Blog

E Merci un zwee Neipriister

Am Kader vun hirer Priisterwei den 2. Mee 2026 an der Kathedral haten d’Diakone Cedric Latz a Leonardo Pulia d’Leit invitéiert, en Don un d’Fondatioun ze maachen. Op dës Manéier sinn 1.840 Euro erakomm. Dës Sue ginn integral genotzt fir de Projet vun der Formatioun vun de Seminaristen, an hei méi konkreet fir Sproochecoursen, fir hir theologesch a philosophesch Formatioun a Bildungsreesen. D’Fondatioun Sainte-Irmine seet den Neipriister villmools Merci fir dës Initiativ a wënscht hinnen op hirem Wee als Priister un eiser Äerzdiözees Gottes räiche Seegen.

Wann och Dir de Projet vun der Formatioun vun den zukünftege Priister ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.

 ©SCP