Blog

Valorisatioun vun der Krypta

Am Kader vum Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” gouf dat aalt schéint Eisegitter ronderëm d’Altorinsel an der Krypta vun der Kathedral vum Atelier de ferronnerie Besenius restauréiert an Enn 2025 nei installéiert. Entdeckt et bei Ärem nächste Besuch an der Kathedral!

Mir soen allen Donatricen an Donateure villmools Merci, déi sech bis elo un dësem Projet bedeelegt hunn. 2025 goufen am ganzen 9.335 Euro fir dësen Zweck gespennt. D’Restauratioun an d’Installatioun vum Eisegitter huet am ganzen 35.237,82 Euro kascht. Et ass virgesinn, nach en neie Teppech fir d’Altorinsel ze kafen.

Wann och Iech d’Opwäertung vun der Kathedral vu Lëtzebuerg mat hirer Krypta e wichtegt Uleies ass, dann ënnerstëtzt dëse Projet mat Ärem Don. Merci am Viraus.