Blog

Tëleesmass zu Miersch

Un der Tëleesmass vum 7. Dezember, zweeten Adventssonndeg, aus der schéiner Kierch vu Miersch hu verschidde Projetsresponsabel vun der Fondatioun Sainte-Irmine a Membere vu Kierchefabricken deel geholl. Zesummen hu mir fir d’Missioun vun hire Projeten gebiet, Merci gesot fir d’Aktivitéiten am Laf vum Joer 2025 an un all lieweg a verstueren Donatricen an Donateure vun der Stëftung geduecht.

D’Mass gouf gehale vum Här Paschtouer Félix Steichen a vum Här Chanoine Georges Hellinghausen.

D’Fondatioun seet de Projetsresponsablen an de Membere vun de Kierchefabricken en häerzleche Merci fir hir Presenz, dem Här Steichen fir den Accueil an der Chorale réunie vun der Por Miersch fir d’musikalesch Gestaltung vun der Feier.

Wann Dir d’Mass am Replay erliewe wëllt, da klickt hei.