
Eng Kierch am Déngscht vun deenen Aarmen!
Fratello, en internationale Reseau am Déngscht vun der Kierch, organiséiert Begéinunge mat deenen Äermsten, déi op der Strooss liewen. Och am Kader vum Hellege Joer 2025 fënnt esou eng Renconter statt, an zwar vum 13. bis de 17. November zu Roum. Eng grouss Delegatioun vu Sans-abrie mat hire Begleeder aus Lëtzebuerg, ronn 40 Leit, huelen dëst Joer deel. Wéi all Aktivitéit am Hellege Joer steet och dës Begéinung mam Poopst Leo XIV. ënnert dem Motto “Pilger vun der Hoffnung”.
Finanzéiert gëtt dës besonnesch Pilgerrees duerch Donen, déi erakomm ware beim “Kaddo fir de Poopst”. Merci all deenen, déi dozou bäigedroen hunn, datt eis Matmënschen op der Strooss an a grousser Aarmutt un dësem eemolegen Erliefnes deel huele kënnen an hei nei Hoffnung op hirem schwéiere Lieweswee fannen!
Wann Dir méi iwwer Fratello wëllt gewuer ginn, da klickt hei!