A senger Sëtzung vum 2. Juli 2025 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine d’Konte vum leschte Joer definitiv approuvéiert, dëst nodeems se vum Réviseur d’entreprise kontrolléiert goufen. Fir 2024 konnten 1.464.882,45.- Euro un zweckgebonnene Spenden, fräien Donen an un Ierfschafte verbucht ginn, däitlech méi wéi 2023. Am selwechten Exercice huet d’Fondatioun déi verschidde Projete an de Beräicher vun der Pastoral, der Diakonie, der Formatioun a vum Patrimoine mat 1.378.202,80.- Euro ënnerstëtzt. Déi intern Verwaltungskäschte louche bei 37.610 Euro. Ënnert dem Stréch bleift fir 2024 e positiivt Resultat vu 34.349,05 Euro.
De Verwaltungsrot an d’Ekipp vun der Fondatioun soen allen Donatricen an Donateuren en häerzleche Merci fir all Ënnerstëtzung wärend dem Joer 2024!
De ganze Finanzrapport fannt Dir hei: Fondation Sainte-Irmine – Comptes annuels 31.12.2024.