Blog

Dräi jonk Männer gi geweit

Dëse Samschdeg, de 17. Mee, weit eisen Här Äerzbëschof, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, de Leonardo Pulia, Seminarist vum Seminaire Redemptoris mater, zum Diakon. Gläichzäiteg ginn och zwee jonk Diakonen, den Diego de Lima an den Antoine Do SCJ, zu Priister geweit. Sidd um 9.30 Auer mat derbäi an der Kathedral oder via de Livestrem op: https://www.cathol.lu/www/livestream

Zanter Joren ënnerstëtzt d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Formatioun vun de Seminaristen a finanzéiert en Deel vun hirer theologescher Formation, Sproochecoursen a Studiereesen. Wann Iech d’Ausbildung vun eise Seminaristen e wichtegt Uleies ass, kënnt Dir en Don maache fir de Projet “Formatioun vun den zukünftege Priister”: klickt hei.