Blog

D’Projete vum Christ-Roi goufe verlängert

D’Fondatioun Sainte-Irmine begleet d’Gemeinschaft vum Christ-Roi bei hirem Fundraising, dëst zanter 2020 fir d’Kapell vum Christ-Roi an zanter 2022 fir d’Maison Iñigo. Am Juli 2025 hunn déi Responsabel vun der Fondatioun Sainte-Irmine a vum Christ-Roi zesummen entscheed, d’Projeten ëm dräi weider Joren ze verlängeren.

Hei e klengen Iwwerbléck iwwer déi lescht dräi Joer:

Zanter August 2020 huet d’Fondatioun am ganzen 54.220 Euro gesammelt fir den Ënnerhalt an den Erhalt vun der Kappel vum Christ-Roi. Dës Zomm gouf investéiert fir Aarbechten un der Tounanlag an un der Beliichtung a fir den Ënnerhalt vun der Kapell. Geschat ronn 1.500 Leit hu vun dësem Projet profitéiert. An den nächste Jore wëll de Christ-Roi Solarpannoen um Daach installéieren, fir d’Käschte vum Entretien ze reduzéieren.

Zanter Abrëll 2022 krut d’Fondatioun 92.141 Euro fir d’Maison Iñigo, dovunner sinn ënnert anerem 72.633 Euro an de Fonctionnement investéiert ginn an 2.753 Euro an den Accueil.

Wéinst Aarbechten huet d’Maison Iñigo d’lescht Joer vum 23 op de 54, avenue Gaston Diderich misse plënneren. D’Käschte pro Joer belafe sech op 60.000 Euro. Ronn 800 Leit profitéiere vun dësem Projet.

D’Fondatioun seet dem Pater Christian Motsch, Superieur vun der Jesuittegemeinschaft hei zu Lëtzebuerg, villmools Merci fir seng Aarbecht Joer am Déngscht vum Christ-Roi.

Fir den Ënnerhalt vun der Kapell vum Christ-Roi ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Fir d’Aktivitéite vun der Maison Iñigo matzedroen, klickt hei!