Fir eng Partie Informatioune ronderëm de Fonds d’avenir ze kréien an eis Kommunikatioun ze verbesseren, hu mir eng kleng Ëmfro virbereet, déi Dir an 3 Minutte beäntwere kënnt. Dir kënnt de QR-Code heidrënner scannen, fir de Formulaire online auszefëllen, oder hei klicken.
Mir sinn Iech immens dankbar fir Är Ënnerstëtzung, Är Trei an Äert Vertraue wärend de leschte Joren.
Mir soen Iech am Viraus villmools Merci fir Är Participatioun, déi eis eng grouss Hëllef fir d’Zukunft ass! Dir kënnt bis den 31. Juli un eiser Ëmfro deel huelen.
Mir wënschen Iech e ganz schéine Summer!
Mat beschte Gréiss verbleift,
d’Ekipp vun der Fondatioun – Roger, Ivana a Marie-Ange


