De Verwaltungsrot huet en Deel vun de fräien Donen aus dem Joer 2025 u verschidde Projete verdeelt
A senger Sëtzung vum 13. Mäerz 2026 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine decidéiert, e Gesamtmontant vu 25.000 Euro, deen aus Donen ouni spezifesch Mentioun besteet, déi wärend dem Joer 2025 gemaach goufen, un dës Projeten ze verdeelen:
– Projet “Kambodscha/Vietnam 2026” (Pilgerrees vun der Jugendpastoral): 10.000.- Euro;
– Fonds d’avenir vun der Äerzdiözees: 7.500.- Euro;
– Projet “Formatioun vun den zukünftege Priister”: 7.500.- Euro.
Ufank Dezember 2025 hat de Verwaltungsrot schonn decidéiert, déi nei Gemeinschaft Obra de Maria mat 40.000.- Euro un Dons libres vum Exercice 2025 ze ënnerstëtzen.
D’Fondatioun seet allen Donatricen an Donateure villmools Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung!

