Zanter méi wéi 10 Joer scho proposéieren d’Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará an d’Priister vum Institut du Verbe Incarné am spirituellen Zenter vum Cents eng ganz Rëscht pastoral Aktivitéite fir Kanner, Jonker a Familljen: Massen, Beicht, Adoratioun, spirituel Begleedung, Preparatioun op d’Sakramenter, spirituell Exercicen, Fräizäitaktivitéiten… All Informatiounen zu dësem eenzegaartege Gebietsuert fannt Dir op https://www.centrespirituel.org/ .
De spirituellen Zenter lieft virun allem vun deem, wat d’Benevoller de reliéise Gemeinschaften offréieren, un Zäit, un Talenter, u materieller a finanzieller Hëllef. Et gëtt vill Méiglechkeeten, dësen Zenter um Cents ze ënnerstëtzen. Dir fannt se op dëser Säit: https://www.centrespirituel.org/nous-aider
Fir déi lafend Käschte vum Klouschtergebai ze decken, kënnt Dir en Don via d’Fondatioun Sainte-Irmine maachen. Klickt hei! Merci fir all Hëllef!