Am Laf vum zweete Semester 2025 goufen dës Aktivitéiten am Kader vum Bildungsprojet “Saxum Lëtzebuerg” organiséiert:
– 12 Recollectio an der Krypta vun der Kathedral, um Lampertsbierg an zu Obeler,
– 31 Reunioune vun dogmatescher Formatioun um Lampertsbierg an an der Krypta vun der Kathedral,
– 5 Studiesëtzungen iwwer de Katechismus vun der kathoulescher Kierch um Lampertsbierg,
– 5 Liesung vun engem spirituelle Buch op Englesch um Kierchbierg,
– 13 Reunioune mat dogmatescher Formatioun,
– 2 Konferenze mat Mëttegiessen an der Stad (iwwer de Projet vun der Renovatioun vun der Basilika Saint-Clément zum Roum an iwwer Reliounsfräiheet an Europa).
– 1 Seminaire vun engem halwen Dag am Centre Jean XXIII iwwer d’Fro vun der Biergerschaft (citoyenneté).
Wärend dem zweete Semestre 2025 konnt de Projet mat Donen an Héicht vu 4.591,75.- Euro ënnerstëtzt ginn; d’Käschten, déi direkt mat de Formatiounsaktivitéiten zesummenhänken, belafe sech fir déi selwecht Period op 5.618.- Euro.
Mir soen Iech e grousse Merci fir Ären Don!
Fir de Projet Saxum Lëtzebzerg ze ënnerstëtzen, klickt hei!

